An hei?!Wien huet säi Fitness-Stepper am Zuch vergiess?

D'Münchener Verkéiersgesellschaft sicht nom Besëtzer...

Leschten Update: 07.11.2019, 16:28:19

© Twitter Screenshot

Vill Leit vergiesse Saachen am Zuch: De Portmonni, den Handy oder souguer de ganze Rucksak. Ma e Fitnessgerät gëtt éischter seele vergiess. An awer geschitt et: Esou ze gesinn zu München an der U-Bahn. Eng Foto vum Objet gouf elo vun der Münchener Verkéiersgeselleschaft gedeelt mat de Wieder "Huet ee vun iech zoufälleg an der Lescht e Stepper an der U-Bahn vergiess?"