An hei?!Italienesche Buergermeeschter verschenkt Haiser

Ëmmer méi Mënschen an Italien zéien an d'Metropolen. Fir deem entgéint ze wierken, ginn et an enger klenger Stad elo Haiser op d'Haus!

Leschten Update: 13.11.2019, 16:52:12

© Pexels

De Buergermeeschter vun der Stad Cammarata am italienesche Sizilien huet eng Iddi fir ze verhënneren, dass ëmmer méi Awunner a gréisser italienesch Stied an der Ëmgéigend zéien, respektiv Mënschen unzezéien. Hie bitt potenziellen Nei-Bewunner Haiser un, ouni dass een dofir bezuele muss. Méi wéi 100 Gebaier ginn aktuell offréiert.

Dat ass virun allem der Gedold an dem Asaz vum Vincenzo Giambrone ze verdanken, deen als Buergermeeschter déi lescht 3 Joer Proprietäre vun eidelen Haiser iwwerriet déi ze verschenken.  Esou soll verhënnert ginn, dass dat historescht Zentrum Cammarata iergendwann zu enger eenzeger Ruin verkënnt.

Eng Konditioun gëtt et awer fir nei Proprietären: Bannent 3 Joer musse si d'Haus renovéieren. Wien also keng Loscht op den iwwerhëtzte Wunnengs-Marché zu Lëtzebuerg huet, weess elo wou e siche muss...