
© Screenshot YouTube
Wann een nämlech méi genee kuckt, fält engem op, dass de Fësch uewen um Kapp eng ganz skurril Musterung huet: Déi änelt nämlech ganz staark engem mënschleche Gesiicht!
Fir genee ze sinn, ass et eng Kaarp. De wëssenschaftlechen Numm vum Déier ass "Cyprinus carpio". Witzeg ass, dass dëst Zort vu Fësch normalerweis net wierklech vill Musteren huet. Enger Persoun aus China ass dëse ganz spezielle Fësch opgefall, huet dat Ganzt gefilmt an de Video an de soziale Medie verbreet.