An hei?!Prisonéier gëtt reaniméiert a fuerdert Entloossung

Wat geschitt, wann e Prisonéier, dee liewenslänglech veruerteelt gouf, stierft an nees reaniméiert gëtt? Ass d'Strof dann eriwwer?

15.11.2019, 04:00:11

© Pexels

De Mäerder Benjamin Schreiber ass am Joer 1997 wéinst Mord ugeklot a liewenslänglech an de Prisong komm. De Mann hat allerdéngs wärend senger Prisongsstrof Niereproblemer an huet duerch Nieresteng eng Vergëftung kritt. Fir de Mann hat dat schwéier Folgen, well dësen doropshin a senger Zell zesumme gaangen ass an an e Spidol huet misste bruecht ginn.

An der Klinik huet de Benjamin Schreiber dann och 5 Mol misste reaniméiert ginn: Kuerz gesot ass de Prisonéier dem Dout nach esou just vun der Schëpp gesprongen.

A genee dee Moment, wärend deem säin Häerz net méi geschloen huet, wollt de Mann auszenotzen:

Hie fuerdert nämlech seng Entloossung, mat der Begrënnung, dass e jo fir eng kuerz Zäit dout war a soumat seng Strof erfëllt hätt.

D'Geriicht vun Iowa hat dës Fuerderung allerdéngs oofgeleent. D'Riichterin Amanda Potterfield argumentéiert am Uertdeel: "Entweder lieft de Mr. Schreiber an e muss an e Prisong, oder en ass dout an d'Strof ass eriwwer".

Et ass awer onkloer op de Prisonéier sech elo mat deem Uerteel zefridde gëtt.