An hei?!Éischte Béier-Hotel an Europa

Pluspunkt fir déi ganz duuschtereg: Mat enger Zap an all Zëmmer!

Leschten Update: 18.11.2019, 20:59:39

© Twitter Screenshot

Schottland ass bekannt fir faszinéierend Landschaften, net esou schéint Wieder an en zimmlech witzegen Accent. Ma zanter neistem deelen d'Schotten och hir Béier-Leidenschaft mat den Touristen. Zu Aberdeen gouf mam "DogHouse Hotel" nämlech den éischten Hotel opgemaach, an deem sech alles ronderëm dat flëssegt Gold dréint.

Begréisst ginn d'Gäscht direkt mat engem kalen a frësche Craft-Beer. No dem Check-in geet et op d'Kummer, wou wat op d'Leit waart? Natierlech e Craft-Beer! Keng Angscht, net nëmmen ufanks gëtt den Duuscht geläscht: An der Kummer gëtt et nieft enger Minibar mat verschiddene Béier-Zorten nämlech och nach e Krunn aus deem Béier kënnt. An esou eng Zapanlag steet an all Zëmmer vum Hotel.


Domat net genuch, och ënnert der Dusch muss een net op de Béier verzichten. Nee, d'Visiteure mussen hir Hoer natierlech net mat Béier wäsche mee eng weider Minibar suergt dofir, datt een och hei net duuschtereg gëtt. Och a punkto Iessen, orientéiert ee sech um Liblingsgedrénks: d'Moiesiesse kënnt a Form vun dräi Gäng a steet ëmmer iergendwéi a Verbindung mat Béier. Genee esou wéi all aner Aktivitéit, där een hei nogoe kann. Esou kann een zum Beispill an de Béier-Musée, an d'Béier-Librairie oder souguer an d'Béier-Schoul. Bei all den Ausflich gehéiert natierlech och d'Béier-schmaachen dobäi!

Den Hotel gehéiert der Brauerei "BrewDog", an et ass hiren éischte Béier-Hotel an Europa, ma den zweete weltwäit. Ëmgerechent leien d'Präisser bei 88 Euro fir eng Nuecht an d'Konzept schéngt gutt unzekommen, d'Brauerei plangt nämlech scho weider Béier-Hotellen zu Manchester, London, Paräis a Berlin. Iwwregens, wéi den Numm et schonn undéit sinn hei net nëmme Béier-Fans wëllkomm mee och Hënn gären am Hotel gesinn



Natierlech ginn et och schonn aner Hotelle fir Béier-Fans, esou zum Beispill zu Köln am Hotel zur Malzmühle, wou et insgesamt 6 Zëmmer mat Zapanlage ginn. Ma den "DogHouse Hotel" wier awer elo déi éischte Plaz, bei där een an all Kummer d'Méiglechkeet huet säi Béier zu all Moment selwer ze zapen.