An hei?!A Kalifornie geet en Nutella-Hotel op

Just passionéiert Schockela-Fans hunn eng Chance hei anzechecken!

Leschten Update: 19.11.2019, 10:08:13

© Twitter Screenshot

Wien Nutella am léifste mam Läffel géif iessen, fir dee ka schonn deemnächst en Dram an Erfëllung goen. Den Hiersteller Ferrero wëll nämlech am Januar en Hotel am Nutella-Style opmaachen, dat heescht d'Zëmmer si komplett am Stil vun der Mark dekoréiert - vum Kësse bis bei d'Tapéit.


An natierlech dréint sech beim Iessen, dat et am Hotel gëtt, och alles ëm de Schockelasbotter. Esou soll de Star-Kach Geoffrey Zakarian de Gäscht weise wéi ee ganz Menüe baséiert op Nutella zoubereet, wärend d'Soulfood-Queen Tanya Holland fir d'Frühstück zoustänneg ass. An och de Paangech-Kënschtler DanCakes mécht mat a wëll de Gäscht bäibrénge wéi ee ganz besonnesch Pancake-Kreatiounen am Nutella-Stil zoubereet.

Et wäert sech also ganz vill ëm d'Moiesiessen dréinen an dësem Hotel, bei deem d'Fans Nutella op eng ganz nei Aart a Weis genéisse kënnen, nämlech am Iwwerfloss.


Wie sech elo schonn op dës Experienz freet, e klengen Hoken huet de Schockela-Spektakel: Dat ganzt ass e Pop-Up-Hotel, dee just fir 3 Deeg, vum 10. bis den 12. Januar opgemaach gëtt. Ausserdeem kann net jiddereen dohin, just déi Passionéiertst ënnert den Nutella-Frënn. E Gewënnspill decidéiert nämlech wien am Hotel dierf iwwernuechten an dofir mussen d'Participanten e 60 Sekonne laange Video maachen an deem se hir Leidenschaft fir de Schockelasbotter beweisen an och erkläre kënnen. Léif Nutella-Fans, dat heescht awer elo net direkt d'Kamera umaachen... Matmaache kënnen nämlech just Persounen déi an den USA wunnen.