An hei?!Méi wéi 80 Chrëschtbeemercher geklaut

De Grinch ass ënnerwee...

Leschten Update: 19.11.2019, 18:59:37

© Unsplash

Wéi d'Police vu Gelsenkirchen matdeelt sinn iwwer 80 Dännebeem, déi als Chrëschtbeemercher verkaaft sollte ginn, einfach verschwonnen.

D'Beem goufen an engem eidele Supermarché am Staddeel Buer gelagert a an der Nuecht vum Samschdeg op e Sonndeg geklaut.

Och wann dat Ganzt iergendwéi witzeg kléngt, wéi wann e Grinch säin Onwiese géif dréiwen, esou beleeft de Schued sech awer op méi wéi 1000 Euro. Wéi déi Kriminell hir Beute transportéiert hunn ass nach onkloer.



D'Police ass elo op der Sich no Zeien.