An hei?!Den Trump mécht een op Rocky

Den Trump als Boxer mat muskuléisem Uewerkierper: sou gesäit sech den US-President wuel gären.

Leschten Update: 28.11.2019, 07:57:53

© Eric BARADAT / @realDonaldTrump / AFP

Den US-President Trump gesäit sech wuel gären als staarke Mann: op Twitter huet hien e Mëttwoch eng Fotomontage vu sech gepost. Op der Foto gesäit een hie mat plackegem Uewerkierper als muskuléise Boxer. De plakegen Uewerkierper geheiert awer net zum President, mee wuel dem Acteur Sylvester Stallone a senger Rocky-Roll.

Wat den Trump eis lo genee domadder soe wëll, ass net gewosst. Hien huet just d'Fotomontage gepost, ouni Kommentar.