An hei?!Match-Virbereedung mol anescht (Video)

Dësen Donneschdeg soll jo de Match tëscht dem F91 Diddeleng an APOEL Nikosia gespillt ginn. Wéi et ausgesäit, lafen d'Virbereedungen op Héichtouren...

Leschten Update: 29.11.2019, 11:38:21

© Screenshot Facebook

En Donneschdeg den Owend geet et fir Diddeleng ëm wichteg Punkten an der Gruppephas vun der Europa League. Gewanne wier enorm wichteg, dofir muss d'Partie awer mol ugepaff ginn.

Duerch de staarke Reen an deene leschten Deeg ass den Terrain vum Stade Josy Barthel net grad a senger beschter Form. Dat lescht Wuert doriwwer op de Match ugepaff ka gi läit beim Arbitter.

An de Stonne virum Ustouss um 21 Auer gouf dofir alles ënnerholl fir d'Waasser iergendwéi vum Terrain ze kréien. Wéi ee gesäit lafen d'Virbereedungen op Héichtouren! Am Video gesitt dir eng manner konventionell Aart a Weis e Fussballterrain vum ville Waasser ze befreien...