An hei?!Dowéinst war d "Star Wars"-Skript am Internet gelant

Ee vun de Schauspiller hat d'Dréibuch ënnert dem Bett verstaut an et dunn do vergiess...

Leschten Update: 29.11.2019, 11:09:09

© Noam Galai / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

"Ech war et", huet den John Boyega de Mëttwoch an der "Good Morning America"-Show zouginn, wéi d'Fro opkomm ass wien dofir verantwortlech war, datt d'Dréibuch vum leschten Deel vun der "Star Wars"-Saga virum Start schonn am Internet ze fanne war. Ufanks hat den J.J. Abrams, de Regisseur vum Film, d'Thema ugeschwat, wollt awer net soe wie fir de Faux-Pas verantwortlech wier. Dofir huet en awer erkläert wéi d'Skript virum Filmstart iwwerhaapt op "Ebay" lande konnt: E Schauspiller hätt et einfach an der aler Wunneng trëlle gelooss, nodeems hien erausgeplënnert ass. Doropshin hätt eng Botzfra et fonnt an un ee weider ginn, deen et op der Plattform verkafe wollt. D'Offer gouf awer vun der Filmfirma entdeckt, ier et konnt weiderverkaf ginn.

Elo huet de Boyega, deen an der "Star Wars"-Saga de Widderstandskämpfer Finn spillt, also zouginn, datt et seng Schold war an och genee erkläert wéi et dozou komme konnt. Hien hätt d'Dréibuch owes ënnert sengem Bett verstaut a wéi den nächste Moie Frënn laanschtkomm sinn, hätt hien einfach vergiess et nees fort ze raumen. Esou ass et do leie bliwwen, bis eng Persoun vun der Botzfirma et ebe fonnt a matgeholl hätt.

Eréischt e puer Wochen duerno ass et dunn op "Ebay" gelant, an dat fir nëmme 65 Euro - d'Persoun, déi et verkafe wollt, hat also keng Anung wat se do iwwerhaapt Wäertvolles an den Hänn géif halen.




Am Endeffekt war jo och alles riichtaus gaangen, d'Filmfirma hat d'Offer gesinn ier Spoiler konnten un d'Ëffentlechkeet geroden. A wéi de Schluss vun der Saga ausgesäit wär egal wéi net verrode ginn, net mol de Boyega wär dat am Viraus gewuer ginn...