An hei?!Strof vun 10.000 Euro wéinst Accident mat Deckelsmouk

E Buschauffer op de Galapagos-Inselen ass an eng Deckelsmouk gefuer an huet si domat blesséiert. Elo erwaart hien eng deier Strof vun iwwer 10.000 Euro.

Leschten Update: 30.11.2019, 08:15:01

© AFP/Archiv/RODRIGO BUENDIA

E Buschauffer hat op de Galapagos-Inselen en Accident mat enger Risen-Deckelsmouk. Dobäi ass de Panzer vun der Deckelsmouk "zum Deel" zerstéiert ginn, esou d'Police vum ecuadorianeschen Nationalpark e Freideg. 

D'Deckelsmouk ass vun der Aart Chelonoidis porteri, dës ass vum Ausstierwe bedrot.

Dofir muss de Chauffer elo eng deier Strof bezuelen, an zwar knapp 10.300 Euro ...