An hei?!Fliger verléiert Noutrutsch wärend dem Fluch

Bei der Landung op de Bostoner Flughafen huet een US-Passagéierfliger eng Noutrutsch verluer.

Leschten Update: 03.12.2019, 14:07:56

© Daniel SLIM / AFP archiv

Bei der Landung um Flughafen zu Boston huet e Fliger vun der Delta-Airlines ongewéinleche Ballast verluer.

De Vol vu Paräis aus, ass als éischt ganz normal verlaf. Kuerz virun der Landung huet de Pilot du matgedeelt, dass hien een haarde Knall héieren huet. Dee Moment war nach net gewosst, wat dësen ausgeléist huet.

Et huet sech duerno erausgestallt, dass et eng vun den Noutrutsche war, déi de Fliger onerwaart verluer huet.

De Pilot ass mam Fliger sécher gelant. Ma d'Noutrutsch ass am Gaart vun engem Awunner gelant.

D'Awunnerin vum Haus huet géintiwwer Medien erkläert:

"Mir hunn en haarde Knall héieren an d'Haus huet geziddert. Wéi mir d'Dier opgemaach hunn, hu mer en Objet gesinn deen no Schwiefel gericht huet a wéi Sëlwerpabeier ausgesinn huet. Doropshin hunn ech d'Police geruff".

Eng Nopesch déi an der Géigend war, huet sech dee ganze Spektakel ugekuckt an eegenen Aussoen no gefaart, dass si stierwe géif.

Glécklecherweis ass keen zu Schued komm, just der Awunnerin hire Bam huet e puer Äscht verluer.