An hei?!Pak mat Tick-Geräisch léist Policeasaz aus

Ee Pak aus dem ee verdächtegt Ticken eraus ze héiere war, huet an Däitschland ee Groussasaz vun der Police ausgeléist.

Leschten Update: 04.12.2019, 06:38:52

© pexels.com

Ee Pak mat Schong a Strëmp huet zu Rhein-Zabern an Däitschland en Dënschdeg ee Groussasaz vun der Police ausgeléist.

Ee Mann hat sech am Internet Schong a Strëmp bestallt a krut du vum Bréifdréier de Pak bruecht. Well aus dem Pak Tick-Geräischer komm sinn, ass de Mann mësstrauech ginn an huet d’Police geruff.

Déi ass du komm an huet all d’Nopeschhaiser evakuéiert. Duerno gouf de Pak vun enger Spezialunitéit ënnersicht.

Et huet sech erausgestallt, dass d'Entreprise, déi d’Schong an d’Strëmp verschéckt huet, nach eng elektronesch Gréisskaart an de Pak dobäi geluecht huet. A wéinst engem techneschen Defekt huet d’Kaart nëmme sou een Tick-Geräisch vu sech ginn.   

Och um Fluchhafen zu Frankfurt am Main gouf et ee Groussasaz an och hei war et ee Feelalarm.

D’Douane hat ee Pak kontrolléiert deen a Richtung USA sollt goen, an um Röntge-Bild hat ee gemengt elektronesch Baudeeler ze gesinn, déi wéi eng Batterie mat Zünder a Sprengstoff ausgesinn hunn.

De Pak gouf dunn nach eng Kéier ënnert d’Lupp geholl, an do huet sech erausgestallt, dass et kee Sprengsaz war, mee eng Chrëschtdagspyramid an eng Liichter-Ketten, deen een USA-Zaldot, deen an Däitschland stationéiert ass, u seng Famill an d’USA schécke wollt, also ee klenge Chrëschtkaddo.