An hei?!Wann de Papp der Duechter hir Social-Media-Kanäl iwwerhëlt

Famill ka penibel sinn, heiansdo suergt awer grad dat fir eng international Fanbase...

Leschten Update: 04.12.2019, 18:16:04

© Pexels

Wa méi al Familljememberen op Social Media ënnerwee sinn, kann dat fir déi méi jonk Generatioune gäre mol peinlech ginn. Penibel Kommentaren, déi zwar gutt gemengt sinn awer net an d'Ëffentlechkeet gehéiere sinn awer nach harmlos am Verglach zu deem wat d'Madelynns Sumpter matmaache misst.

Wéi seng Elteren, Tawnya Ford an de Larry Sumpter, erausfonnt hunn, datt dat 15 Joer jonkt Meedchen sech erausgeschlach huet fir op eng Party ze goen, krut hatt d'Wiel tëscht zwou Bestrofungen. Entweder ee Mount komplett ouni Handy oder just 2 Wochen. Kléngt no engem einfache Choix, ma den Hoken: Den Handyverbuet gëtt just op 2 Woche verkierzt wann d'Elteren dofir déi komplett Kontroll iwwer dem Madelynns seng Social-Media-Kanäl kréien. Riskant, mee d'Meedchen huet sech tatsächlech fir déi 2. Optioun decidéiert. Onangeneem fir hatt, mee fir seng Follower a fir säin Instagram Feed definitiv e Virdeel.


Um éischten Dag vum "Parent-Take Over", hunn d'Elteren direkt alles ginn. Et gouf op Instagram, Snapchat an TikTok gepost. Virun allem dem Madelynns säi Papp huet seng Beruffung séier erkannt a sech bei senge sarkastesche Posts richteg Méi ginn an och ameséiert. Sief dat a Form vun typeschen "Instagram-Statements", als Influencer à la Kim Kardashian oder mat Hëllef vum Madelynns sengem Brudder an engem "sexy" TikTok-Video.

View this post on Instagram

Felt cute. Might delete later.

A post shared by madelynn🥥 (@madelynn.ellagrace) on








De Contenu vum Papp ass zwar witzeg an huet dozou gefouert, datt d'Meedchen elo eng ganz Rëtsch nei Follower krut, ma wann ee bedenkt, datt d'Elteren esou 2 Woche laang Zougrëff op déi deels zimmlech privat Noriichte vun hirer Duerschter haten, muss dat Ganzt dann awer net esou schéi gewiescht si fir d'Madelynns selwer. Ob et dann elo doduerch seng Lektioun geléiert huet, dat bleift wuel ofzewaarden. D'Fans géif et op alle Fall freeë wann de Papp mol nees iwwerhuele muss.

View this post on Instagram

....I wonder what Maddi is doing without her phone.....

A post shared by madelynn🥥 (@madelynn.ellagrace) on