An hei?!Eng Banann fir 120.000 Dollar

Eng Banann mat Tape gëtt fir 120.000 Dollar verkaf.

Leschten Update: 08.12.2019, 21:53:03

© Eldoradio

Wat kascht sou eng Banann? E puer Cent... Et kann een dofir awer och méi ausginn. Dat muss dann awer eng ganz besonnesch Banann sinn. Zu Miami gouf e Mëttwoch déi wuel déierste Banann vun der Welt verkaf.

Fir 120.000 Dollar kann ee sech jo sou munches kafen, souguer eng privat Insel. Et kéint een awer och a Konscht investéieren. A sou huet lo eng Franséisin fir ee Konschtwierk 120.000 Dollar ausginn.

A wat ass dat Konschtwierk? Ma eng Banann, déi mat Hëllef vun engem Stéck Scotch op enger wäisser Wand pecht. An dat Konschtwierk gëtt et am Ganzen 3 Mol. Wéi dacks di Banann gewiesselt gëtt, ass net gewosst, well di gëtt jo och no enger Zäit schlecht…

A wat ass de Message vun deem Konschtwierk? Wéi et heescht géifen d’Banannen engersäits de globalen Handel symboliséieren, anersäits den Humor. De Kënschtler verwandelt banal Objeten an eppes dat "Freed a Kritik" transportéiert.