An hei?!Chrëschtdagskäerze léise Bommenalarm aus

Zu Frankfurt gouf e Samschdeg op der Gare ee verdächtege Pak entdeckt, deen e Groussasaz ausgeléist huet.

Leschten Update: 08.12.2019, 21:49:50

© pexels.com /freestocks.org

Op der Toilette vun engem Zuch louch ee Pak, dee mat Band ëmwéckelt war an aus dem Drot eraushoung. D’Gare gouf groussraimeg ofgespaart. Een Entschäerfungsspezialist an d’Police koumen op d’Plaz.

Wéi sech dunn erausgestallt hat, waren am Pak zwou rout Chrëschtdagskäerzen, déi mat Drot ëmwéckelt a komplett harmlos waren. Op ee sech e Witz erlaabt huet versicht d’Police elo erauszefannen a sicht nom Schëllegen.