An hei?!120.000 Dollar Banann gouf giess

E Performance-Kënschtler huet e Wierk vun engem anere Kënschtler giess. Ganz esou grouss ewéi ee menge kéint, ass de Schued awer net.

Leschten Update: 09.12.2019, 05:43:47

© www.pexels.com

Op enger Konschtausstellung zu Miami huet e Performance-Kënschtler eng Banann giess, déi am Kader vun engem Projet vun engem aneren Artist op eng Mauer gepecht gouf. Den David Datuna, deen sech selwer als amerikanesche Kënschtler, deen aus Georgien staamt beschreift, huet d'Banann mat de Wierder "Kënschtleresch Aktioun... Hongerege Kënschtler" vun der Mauer gerappt, geschielt, an e Maufel giess.

D'Banann schéngt dann och geschmaacht ze hunn. Mat de Wierder "Merci, ganz gutt", huet hie sech nämlech fir d'Banann bedankt. D'Besicher vun der Ausstellung schéngen sech bei dëser Aktioun gutt amuséiert ze hunn. Si hunn der Affär nämlech mat vill Gelaachs nogekuckt.

E franséische Sammler dierft dat Ganzt allerdéngs manner witzeg fonnt hunn. Dësen hat d'Banann am Virfeld fir 120.000$, also ronn 108.000€ kaf. E Representant vun der Ausstellung huet allerdéngs Entwarnung ginn. De Sammler hätt nämlech eigentlech e Certificat kaf, deen him d'Rechter un der Iddi gëtt fir eng Banann un eng Mauer ze pechen an dat Konscht ze nennen. No puer Minutte gouf einfach eng nei Banann un d'Mauer gepecht an d'Konschtwierk war domadder nees komplett.