An hei?!Flitterwochen um Mound? Feelt just nach d'Fra!

E japanesche Milliardär sicht nach eng Partnerin, mat där hie Vakanz am Weltall maache kann.

Leschten Update: 14.01.2020, 17:18:28

© Twitter Screenshot

Viru ronn annerhallwem Joer hat den Elon Musk, Grënner vu SpaceX, annoncéiert, datt de japanesche Milliardär Yusaku Maezawa den éischte Moundtourist wäert ginn. Hien, a Begleedung vu 6 bis 8 Kënschtler aus aller Welt, sollen dës Missioun 2023 an Ugrëff huelen an de Mound fir e puer Deeg ëmfléien. Dat alles zu Gonschte vun engem Konschtprojet mam Numm "dear Moon".

Ma elo sicht de Maezawa awer och nach déi passend romantesch Begleedung fir dësen Trip. Geplangt ass en Datingformat fir d'Tëlee mam Numm "Full Moon Lovers". Hei soll eng Fra ermëttelt ginn, déi iwwer 20 Joer al ass, d'Liewen a vollen Zich genéisst a sech am Beschten och nach de Weltfridde wënscht.

Wien also solo ass, schonn ëmmer mol Vakanz am Weltall maache wollt a sech e Milliardär aangele wëll, dee kann nach bis de 17. Januar eng Demande eraschécken. Mëtt Februar sollen dann déi sougenannten "matchmaking dates" ufänken an Enn Mäerz soll de Milliardär déi passend Partnerin fir seng Rees (an am Beschten och fir säi Liibesliewen) ausgewielt hunn.