An hei?!Dafe Mann verklot Pornosäite wéinst Diskriminéierung

Well hien d'Filmer déi op de Säite gewise ginn net a vollem Ëmfang genéisse kéint, verklot en dafe Mann aus New York 3 Pornosäiten.

Leschten Update: 19.01.2020, 11:44:45

© ETHAN MILLER / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

En dafe Mann aus New York huet dräi Pornosäite verklot. Dëst well hien d'Filmer déi op de Säite gewise gi wéinst feelenden Ënnertitel net a vollem Ëmfang genéisse kéint. Ganzer 23 Säiten huet d'Plainte déi de Yaroslav Suris géint déi betraffe Säite mécht. An der Plainte verweist de Mann op eng Partie Videoen déi hien sech am Oktober zejoert an am Januar vun dësem Joer ukucke wollt. Well des Videoe keng Ënnertitel gehat hätten, hätt hien d'Handlung net esou appreciéiere kënnen ewéi déi aner Notzer. De Mann fuerdert dowéinst eng net bekannten Zomm als Schuedenersatz. 

An enger Reaktioun huet de Vizepresident vun enger vun de Säiten d'Virwërf vum Mann zeréckgewisen an dorop opmierksam gemaach, dass et op senger Säit eng eege Kategorie fir Filmer mat Ënnertitel géif ginn.