An hei?!An dësem Fräizäitpark gitt dir zum Super Mario

A Japan geet dëst Joer en neien Park op an deem ee sech als Visiteur wéi an engem Videospill fillt.

Leschten Update: 20.01.2020, 10:10:22

© YouTube Screenshot

An e Fräizäitpark geet ee fir Spaass ze hunn a sech wéi e klengt Kand ze fillen: Et wëll een entdecken, spillen an am Beschte Fall sech fille wéi wann een an engem aneren Universum ass. Kuckt ee sech den Trailer fir d' "Super Nintendo World" un, da kéint dat a Japan nach dëst Joer Realitéit ginn.

De Park, an deem ee sech virkomme soll wéi wann een an engem richtege Videospill stieche géif, ass eng Zesummenaarbecht vun Nintendo an den Universal Studios. Ma et soll net just vu baussen ausgesi wéi d'Videospill, de Park ass interaktiv opgebaut an et kann ee mat Hëllef vum eegene Smartphone an enger Auer mam Numm "Power Up Band" digital Mënze sammelen a sech esou mat anere Visiteure moossen.