An hei?!Masters-Finall am Snooker duerch Fuerzgeräischer gestéiert

De Stuart Bingham an den Ali Carter sollte sech eigentlech konzentréieren, ass et dach ëm d'Finall an e Präisgeld vun 250'000 Pond gaangen.

Leschten Update: 20.01.2020, 14:38:18

© PAUL ELLIS / AFP

Ufanks hunn d'Zuschauer d'Stéierung während der Masters-Finale am Snooker de Sonndeg den Owend am Londoner Alexandra Palace nach witzeg fonnt.

Matzen am Match vum Stuart Bingham an dem Ali Carter hunn op eemol Fuerzgeräischer aus dem Publikum d'Konzentratioun vun deenen zwee ënnerbrach. Dobäi hat d'Persoun am Publikum effektiv eng Rëtsch Fuerzvarianten drop, vun hell bis donkel war alles dobäi.





Ufanks hunn d'Spectateuren dat Ganzt och nach witzeg fonnt, ma wat de „Concert“ méi laang gedauert huet, wat d'Spiller an d'Publikum am Ally Pally méi rose gi sinn. Um Enn konnt déi responsabel Persoun fonnt an aus dem Sall gehäit ginn.

Mat 10:8 huet de Bingham iwwregens gewonnen.