An hei?!Thailand verbitt Plastikstuten, d'Leit gi kreativ

Den Thailänner kënnt kee Plastik méi an d'Tut - mee wat schwätzt géint eng Schubbkar, eng Wallis oder den eegenen T-Shirt?!

Leschten Update: 20.01.2020, 17:01:39

© Twitter Screenshot

Weltwäit gëtt driwwer diskutéiert wat ee fir d'Ëmwelt maache kann, wourop ee ka verzichten a wéi mer eist Verhalen ännere musse wa mer de Planéit rette wëllen. Wärend d'Plastikstute bei eis mëttlerweil e puer Cent kaschten, goufe se Ufank 2020 an Thailand komplett verbueden. D'Thailänner beweisen: Si kënnen och ouni, och wann dat deelweis zimmlech witzeg ausgesäit. Hei gëtt elo nämlech net einfach nëmmen op en "Jutebeutel" gesat - Nee, d'Thailänner profitéiere vun dësem Verbuet a loossen hirer Kreativitéit fräie Laf.

Esou ginn d'Akeef elo op verschidde Manéieren transportéiert. Déi eng komme mat der Schubbkar an de Supermarché, déi aner mat der Walliss. Ma och de Käfeg fir d'Hausdéier ass eng Optioun, genee esou wéi de Stroossenhittche vum Chantier.



Ma dann, maacht dach och mol eppes fir d'Ëmwelt: D'Opmierksamkeet vun deenen anere Leit am Supermarché wär iech mat dëse Methoden op alle Fall geséchert.