An hei?!Ermëttlung: Mann soll Polizisten ugepuupt hunn

"Sou eppes hat ech och nach net" - mat engem kuriéise Fall vu Beleidegung beschäftegt sech een Affekot aus Leipzig.

Leschten Update: 22.01.2020, 13:41:11

© Eldoradio

Am Internet kurséiert de Moment eng Geschicht, bei där et engem schwéier fält, net ze laachen. An zwar gëtt an Däitschland géint ee Mann ermëttelt, well hie Polizisten ënnert anerem ugepuupt soll hunn. 

Am November d'lescht Joer soll ee Mann Polizisten de Mëttelfanger gewisen hunn an du geziilt an hir Richtung gepuupt hunn. Sou steet et an engem Schreiwes vun der Leipziger Police, deen den Affekot vum Beschëllegten elo op Facebook gedeelt huet.

Ënnert säi Post schréift den Affekot nach, dass hie sou ee Fall nach ni hat, a wéi eigentlech geziilt Pupe funktionéiere soll.

Op Facebook gëtt et dorop natierlech vill Reaktiounen a Form vu Memes a Gifs.

D'Police vu Leipzig huet iwwregens confirméiert, dass d'Schreiwes kee Fake ass. De beschëllegte Mann hätt sech hinnen no och nach net zu de Virwërf geäussert.