An hei?!Wiederdéngscht warnt viru Leguanen, déi vu Beem falen

Meteo: Temperaturen tëscht 4 an 9 Grad suerge fir gréng Déiere vun uewen...

Leschten Update: 22.01.2020, 18:36:01

© Unsplash

Am US-Bundesstaat Florida kann een och nuets fir gewéinlech mat angeneem waarmen Temperature rechnen. Ma fir déi nächst Deeg, huet de regionale Wiederdéngscht ongewéinlech niddreg Temperaturen ronderëm de Gefréierpunkt annoncéiert, an domat och Echsen, déi mol vun uewe kommen.

Wat kuriéis klengt ass am "Sunshine State" e reelle Problem: Wann d'Temperaturen nämlech op 4 bis 9 Grad (ëm déi 40 Fahrenheit) falen, ass et méiglech, datt Leguane vum Bam falen. Där hir Kierpertemperatur schwankt nämlech mat der Temperatur vun der Ëmgéigend a wann et kal gëtt ginn d'Echsen an hire Beweegunge méi, respektiv kënne sech guer net méi beweegen.

Déierefrënn kënnen awer hire Kapp a Rou leeën, falen d'Echse vum Bam heescht dat net, datt se dout sinn oder stierwen, et ass eng natierlech Reaktioun vun hirem Kierper.

Wéi ee mat den Déieren, déi um Buedem léien ëmgoe soll, dat verréit de Wiederdéngscht allerdéngs net!