An hei?!Iwwernuechte wéi Romeo a Julia

Fir all d'Shakespeare-Fans ënnert de Romantiker!

Leschten Update: 23.01.2020, 09:47:22

© Twitter Screenshot

Et ass wuel déi bekanntsten, wann och trageschsten, Koppel vun der Literaturgeschicht: Romeo a Julia. D'Geschicht ëm déi zwou Figuren aus zwou rivaliséierende Familljen, déi aus der Fieder vum William Shakespeare staamt, spillt sech an der italienescher Stad Verona of. Ma och wann am Wierk ni verrode gouf, wou déi Zwee sech getraff hunn, esou pilgere Fans schonn zanter Jore bei d "Casa de Guilietta". En Haus aus dem 14. Joerhonnert wat der Beschreiwung an der Tragödie immens no kënnt an eng Verbindung mat de Familie Cappelletti a Montecchi virweist. Kéint natierlech Zoufall sinn, mee d'original Nimm kommen dem Shakespeare sengen (Montagues a Capulets) opfalend no. An och de Balcon vum Haus erënnert un déi bekanntsten Zeen aus dem Schrëftsteller sengem Stéck. Haut ass d'Haus e Musée an natierlech och en internationaalt Symbol fir d'Plaz vu bedéngungsloser Léift.





A genee do kënne Romantiker elo iwwernuechten. Fir Vältesdag bitt d'Online-Plattform Airbnb Shakespeare-Fans d'Méiglechkeet op de Spuere vum Romeo an dem Julia ze wandelen. Fir dës Iwwernuechtung gouf d'Haus extra an e romanteschen Dram verwandelt, natierlech mat Blummen, Käerzen an dem ganze Programm. Ausserdeem erwaart d'Gewënner-Koppel eng Stad-Féierung am Romeo-a-Julia-Style, eng Privatféierung am Haus, en eegene Butler, genee esou wéi e Candlelight-Dinner vun engem Stärekach an eng Nuecht am originale Bett aus dem Zeffirelli senger Film-Adaptatioun vum Klassiker.




Eng Literatur-Aufgab kritt d'Koppel allerdéngs och: Si dierfe Bréiwer liesen a beäntferten, déi Fans un d'Julia geschriwwen hunn. D'Haus ass nämlech bekannt dofir, datt Romantiker aus aller Welt Bréiwer mat hire Wënsch, Hoffnungen an eegene Geschichten hannerloossen.

Schreiwe sollt een also kënnen, net nëmme falls ee gewënnt mee och FIR ze gewannen: Matmaache kann een nämlech just klassesch iwwert e Bréif. An dësem sollen d'Bewerber hir Libesgeschicht erzielen an erkläre firwat grad si déi perfekt Gäscht wieren. Areeche kënnen déi potentiell Romeo a Juliaen hire Bréif bis den 2. Februar op der Säit vun Airbnb a gelies gëtt en da vum offiziellen "Juliet's Club", déi d'Liibesbréiwer och soss beäntferten.

Do kann ee just hoffen, dass d'Geschicht dës Kéier en "happy end" kritt...