An hei?!Mann verbrennt Sue fir der Ex-Fra näischt dovun ofzeginn

Eng schwiereg Decisioun: Léiwer aarm oder léiwer der Ex-Partnerin Alimenter bezuelen?!

Leschten Update: 07.02.2020, 10:13:10

© Unsplash

De Bruce McConville, e 55 Joer ale Geschäftsmann aus Kanada, huet no der Trennung vu senger Fra fir d'éischt emol eng ganz Partie vu sengen Immobilie verkaf fir de Benefice dovun dann direkt ze verbrennen. Insgesamt ronn eng Millioun kanadesch Dollar huet hien a Flame gesat, datt seng Fra näischt vu sengem Verméige kann ofkréien.

Wierklech vill bruecht huet him dës Aktioun awer net - de Riichter empfënnt dat wat de Bruce McConville gemaach huet als moralesch net vertrietbar an deemno muss den Ex-Mann trotzdeem bezuelen. De Problem un der Saach: De Mann huet seng Sue jo verbrannt a kann déi 300.000 Dollar elo guer net méi bezuelen. A well hien déi finanziell Mëttel wéinst Eegeverscholdung net opdreiwe kann, an esou net fir den Ënnerhalt vun der Ex-Fra an dem Kand suerge kann, gouf hien zu 30 Deeg Prisong verurteelt. Ausserdeem muss hien elo en Dagessaz vun 2000 Dollar u seng Fra bezuelen.