An hei?!E Fuuss suergt fir Chaos am brittesche Parlament

E Freide war e Fuuss an  dat brittescht Parlament agedrongen an hat do kuerzzäiteg fir Chaos gesuergt.

Leschten Update: 08.02.2020, 11:58:42

© pexels.com

Iwwert eng Rolltrap war d'Déier an d'Gebai vum Parlament agedrongen. Wou e bis dobanne war, huet de Fuuss sech an der Cafeteria a virun de Büroe vun den Deputéierten erëmgedriwwen. Déi Deputéiert hu ganz ënnerschiddlech op d'Déier reagéiert. Déi konservativ Politikerin Julia Lopez huet op Twitter gemengt, dass een zënter 2017 vill komesch Saachen am Parlament gesinn hätt, awer, dass dat doten alles géing iwwertreffen.



D'Alison Thewliss vun der "Scotish National Party" huet déi ganz Saach iwwerdeems pragmatesch gesinn. Wann de Fuuss d'Mais an d'Raten déi sech am Gebai vum Parlament rëmdreiwen iesse géing, kéint dat dach ganz nëtzlech sinn huet et vun hir geheescht.



Manner frou dierft allerdéngs d'Kerry McCarthy vun der Labour Partei gewiescht sinn. Op Twitter huet si e Bild gepost op dem ze gesi war, dass de Fuuss sech virun der Dier vun hirem Büro erliichtert hat. Et dierf een also dovun ausgoen, dass de Fuuss bei de leschte Walen net fir d'Labour-Partei gestëmmt huet.

 




Um Enn konnt den Abriecher awer gefaange ginn. Hie gouf an enger Këscht aus dem Parlament gedroen an um Trottoir nees fräigelooss.