An hei?!Bëschof weist sech bei Dolly-Parton-Challenge op Tinder

Dëse Post mëscht grad virtuell d'Ronn: Ee Bëschof hat bei der Dolly-Parton-Challenge op Instagram matgemaach an domat Honnerte vu User zum Laache bruecht.

Leschten Update: 08.02.2020, 20:15:37

© Pexels.com - Pixabay

Vill bekannte Leit hate scho matgemaach, elo och déi kathoulesch Kierch. 
Bei der Dolly-Parton-Challenge geet et drëms, sech a véier verschiddene Posen a véier verschiddene Kontexter ze weisen. D'Countrysängerin selwer hat se an d'Liewe geruff. Deemno weist een sech op Facebook entspaant, op LinkedIn méi eecht, op Instagram elegant an op Tinder sexy.


View this post on Instagram

Get you a woman who can do it all 😉

A post shared by Dolly Parton (@dollyparton) on


Déi meescht Leit kënnen sech ee Bëschof op der Datingapp Tinder warscheinlech net virstellen. Wéi dat soll ausgesinn huet den neien Augsburger Bëschof Bertram Meier a sengem Post demonstréiert: