An hei?!Fra fënnt Hond duerch eng Béierbéchs erëm

3 Joer laang huet eng Fra an den USA hiert Hausdéier vermësst - Elo ass den Hond duerch eng Reklamm 2000 Kilometer méi wäit fort fonnt ginn.

Leschten Update: 13.02.2020, 09:55:41

© Facebook Screenshot /Motorworks Brewing

D'Monica Mathis hat hiren Hond Hazel am Gaart am Bundesstaat Iowa ugestréckt. Wéi si d'Hausdéier nees eran huele wollt, war d'Hazel awer verschwonnen. Verzweiwelt ass d'Besëtzerin op d'Sich no hirem Terriermix gaangen, deen awer weder an engem Déierenasyl oder soss iergendwou an der Ëmgéigend opgedaucht ass.

3 Joer duerno, huet d'Fra eng Reklamm op Facebook gesi vun enger Brauerei. D' "Motorworks Brewing Company" hat eng Campagne an Zesummenaarbecht mat engem lokalen Déierenasyl an d'Liewe geruff. Op all Béchs huet d'Brauerei eng Foto vun engem Hond aus dem Déierenasyl gedruckt, fir esou Spenden ze sammelen an en neit Doheem fir d'Véierbeener ze fannen.


"Oh mäi Gott, dee gesäit aus wéi mäin Hond. Ech mengen dat ass mäin Hond." - Dat waren d'Wieder vum Moncia Mathis nodeems si d'Reklamm op der Béchs entdeckt huet. Doropshin huet si d'Déierenasyl kontaktéiert an hinnen all d'Dokumenter zoukomme gelooss fir ze beweisen, datt d'Hazel effektiv hiren Hond ass. Deemnächst wäerten déi also nees vereent ginn a kënnen esou de 7. Gebuertsdag vum Terriermix feieren.