Lifestyle"Self-Tracking" - Wat bréngt deen Trend?

Zënter Joeren tracke mir ons sportlech Aktivitéiten ëmmer méi. Op mat Handy oder Auer, alles gëtt festgehal. Bréngt dat eppes?

Leschten Update: 09.05.2016, 15:27:30

© afp

“Self-Tracking”, esou gëtt den neien Trend am Beräich Fitness an Lifestyle genannt. D’Leit benotzen hier Smartphones ënner anerem vir beim Sport den Energieverbrauch an d’Leeschtung ze dokumentéieren.

Eng grouss Auswiel un Apps soll den Leit dobäi hëllefen, sech méi ze beweegen an sech gesond ze ernähren. Hëllefen d’Apps engem wierklech dobäi, en méi gesonden Liewensstil ze entwéckelen oder mëscht een dat eng Zäit laang vir duerno nees an déi al Gewunnechten ze verfalen?

Fuerscher vun der Universitéit Oldenburg wëllen dat elo unhand enger Studie erausfannen. De But dovun ass d’Verhalen vun den Leit festzehalen, déi esou Tracking Gadgets, wie z.B. Sportsaueren mat GPS benotzen.

Gesondheetsexperten gesinn an der Tracking Method en grousst Potenzial, warnen awer virun iwwerdriwwenem Gebrauch vun techneschen Geräter, et sollt een och op dat eegent Kierpergefill lauschteren.

Self-Tracking kann also eng gutt Motivatioun sinn, den Nodeel dovun ass awer datt d’Leit sech duerch opfälleg Wäerter op hirem Smartphone veronsécheren loossen.

Bei Froen an Onsécherheeten, déi d’Gesondheet betreffen verléisst een sech nach ëmmer am Beschten op en Dokter.