LifestyleWat brauch ee fir glécklech ze sinn?

Glécksgefiller suergen net nëmmen fir e gutt Gefill, se maachen och nach dass ee Succès op der Aarbecht huet.

Leschten Update: 09.05.2016, 15:27:24

Mënschen déi sech am Liewe fir zwou Aktivitéiten am Alldag Zäit huele sinn op Dauer méi Glécklech. Dat wiere guddes ze maachen an Dankbar ze sinn. Leit déi sech och Zäit huelen eppes guddes ze maachen si selwer och méi Glécklech. Well: Eppes ze gi mécht méi glécklech wéi eppes ze huelen. Wisou spiert een sech glécklech wann ee Shoppe geet? Et huet dee selwechten Effekt wéi Drogen. Et ass eng Zort Rausch an deen ee fält. Nodeel: Nom Rausch kënnt meeschtens en decke Kapp. Bei ville Leit ass d’Glécksgefill scho beim verloosse vum Buttek fort. Shopping bréngt engem zwar e Rausch dee vu kuerzer Dauer ass a net laang bleift.

Lo kéint een och mengen dass Geld glécklech mécht. Ma deem ass och net sou. Et huet een ëmmer d’Gefill dass ee méi brauch. Wat da scho rëm glécklech mécht sinn déi Saachen déi een sech mat Sue kafe kann. Wien hei op der Sich no engem laange Glécksgefill ass dee soll a Reesen, Concerten oder Weiderbildung investéieren. Et sinn déi speziell Erliefnesser, déi ee mat engem anere Mënsch deelt, déi een op laang Dauer glécklech maachen.

Iwwerhaapt soll ee Gléck ëmmer mam Partner, Kollegen oder der Famill ze deelen. Et ass einfach méi liicht a besser wann ee mat anere glécklech ass.

Glécklech sinn ass net nëmmen e gutt Gefill. Et bréngt engem och nach eppes. Leit déi frou sinn hu méi Succès am Beruff oder am Privatliewen. Wien glécklech ass, dee weess dass engem einfach alles méi einfach vun der Hand geet.

Um Enn dann och nach folgend Fakten. Wien mengt e misst iwwerdriwwe vill Sex hu fir Glécklech ze sinn, dee soll wëssen dass eemol d’Woch duer geet fir engem säi Glécksgefill ze steigeren. Fir muncher een ass dat schonn iwwerdriwwe vill.