
© DORIS SPIEKERMANN-KLAAS
Dir kennt di kleng Kichenauere bestëmmt, déi et an alle Formen a Faarwe ginn, - eben och a Form vun enger Tomat, dohier och de Numm vun der Technik - , a mat Hëllef vun deenen engem zum Beispill de Kuch net am Schäffchen ubrennt.
Dës Kichenauer soll een dann och elo vir aner Zwecker benotzen, wéi vir d’Wäsch ze maachen oder ze botzen. Setzt Iech se zum Beispill op eng véierel Stonn a maacht dat, wat der Iech virgeholl hutt. Wann der an där Zäit alles gemaach krut dann hutt der alles richteg gemaach. Wa net, setzt är Auer déi nächste Kéier bësse méi héich un.
Ma wat ass de Sënn vun där Pomodoro-Technik? Mat Hëllef vun dëser Methode entwéckelt een e bessert Zäitgefill a mat bëssen Übung léiert ee séier, wéi laang ee vir wéineg Aufgab braucht.
E weidere Virdeel ass, dass soubal een eng Aufgab erfollegräich ofgeschloss huet, een sech einfach befriddegt fillt an dat dreift een un vir wieder ze schaffen. Ma am ganzen Elan sollt der awer och net vergiesse Pausen anzeleeën, soss kéint d’Loscht op produktiv Aarbecht erëm ganz séier verfléien.