
Bei de Männer ass zwar déi gutt al Landhausmode, wéi se genannt gëtt, ëmmer nach gär gesinn, mä wien hei mat enger Box aus Stoff opdaucht, op déi Verzéierunge just drop geprint goufen, ass net wierklech up to date. En Hiem, eng Liedersbox an eng Trachtenjacke, oder eben d'Light-Versioun mat Jeans a karéiertem Hiem a scho kann et lass goen!
Must-Have bei de Fraen ass natierlech den Dirndl! Dëst Joer si ganz klassesch geschnidden an einfach Dirndlen nees in, déi mat Faarfkombinatiounen an Accessoiren opgepeppt ginn. Vun extrem kuerzen Dirndlen, déi schonn iwwert dem Knéi ophalen, Glitzer oder Dirndle mat Comic-Motiver, soll een d'Fanger loossen!