LifestyleTätowéierungen déi net ënnert d'Haut ginn

Tattooe mussen net onbedéngt fir Éiwegkeet sinn!

Leschten Update: 06.10.2016, 13:00:01

© screenshot/instagram.com

Wien sech wëll tätowéiere loossen, soll sech dat gutt iwwerleeën. Well soubal d'Nol ugesat gëtt, bleiwen d'Biller aus Tënt nämlech e Liewe laang op der Haut. A wien sech dann duerno awer géint den Tattoo entscheet, muss d' Péng beim Ewech-Laseren-Loossen aushalen... 

Tattooe kënnen awer och anescht an Zeen gesat ginn!

Bestëmmt kennt dir nach déi Tattoo-Biller, déi een sech als Kand op den Aarm gepecht huet. Déi ginn et zum Beispill mat richteg cool Motiver vun Tattly.com. Folie erofzéien, op d'Haut drécken a mat engem fiichten Duch drop tuppen, bis dass d'Bild op der Haut peche bleift. D'Biller halen zwar bei villem Duschen, nëmmen e puer Deeg, mä et deet net wéi, kascht vill manner wéi eng richteg Tätowéierung an et kann een a Saachen Tattooen ëmmer um neiste Stand sinn.

Wien sech d'Biller just gären ukuckt, awer keng op der eegener Haut wëll hunn, dee kann sech och d'Waasserfläsch vum Kënschtler Steve Litllte Finger op den Dësch stellen oder d'Make Up-Produiten, déi vum Maxime Buchi designt goufen, kafen.


Stay Hydrated 💦 Thanks to @fruity.sky! #jungbleiben #austrianblogger #vöslauer #sonderedition #tattoo #inlove

A photo posted by Vöslauer Mineralwasser (@voeslauermineralwasser) on







What an endeering Tattly, doen't you agree! Deer by @nicamiller.

A photo posted by tattly (@tattly) on







Links