LifestyleIessen aus der Mikrowell: Gesond oder ongesond?

Iessen aus der Mikrowell huet dacks kee gudde Ruff. Mä ass do wierklech eppes drun oder ass dat Ganzt just eng Rumeur?

Leschten Update: 14.10.2016, 11:00:00

Zäit ass Geld a wann et muss séier goen, dann huet een an e puer Minutten eppes an der Mikrowell waarm gemaach. Mä sinn déi Saachen, déi een an der Mikrowell ophëtzt wierklech nach gesond?

Also eppes direkt vir ewech: Eiser Gesondheet schued et net, wa mir eist Iessen all Dag an der Mikrowell waarm maachen! Allerdéngs kënnen eng ganz Rëtsch u Vitaminne verschwannen, wann een z.B. säi Geméis ze waarm an ze laang an der Maschinn erhëtzt. Vitamin C kann esou zum Beispill komplett verluer goen. Dofir roden Experten, zousätzlech frëscht Uebst a Geméis nieft dem Plat, deen een an der Mikrowell waarm gemaach huet, ze iessen. Well nëmmen esou kritt de Kierper déi Vitaminnen, déi e brauch.

Och d'Mirkowellestrahlung ass fir eis Mënsche kee Gesondheetsrisiko. Wien all Risk awer sécher aus dem Wee goe wëll, sollt sech einfach vun der Mikrowell ewech halen, sou laang se leeft.