LifestyleEn Téi géint den Hangover um Moien!

Kombucha-Téi ass DAT Geheimrezept wann et drëms geet den Hangover no enger haarder Nuecht ze iwwerstoen!

Leschten Update: 21.10.2016, 09:00:23

Gëschter nees ze wëll gefeiert an um Moien drop en décke Kapp gehat? Do hëlleft eng Tas Kombucha-Téi! Wëssenschaftler hunn d'Anti-Hangover-Wierkung vum japaneschen Téi elo souguer bestätegt.

Den Aspirin kënnt dir also vun elo un also getrouscht am Schaf stoe loossen. Léiwer duerno kucken ëmmer eng oder 2 Fläsche vum séiss-sauere Pilz-Téi aus Asien doheem ze hunn. Den Téi entsteet duerch e Gärungsprozess vum Kombucha-Pilz, soudass den Drink um Enn dowéinst voller gudder Bakterien an Hief sinn, déi den Daarm an Toppform bréngen.

Donieft entschlaakt den Téi a wierkt sech positiv op eise Stoffwiessel aus. Perfekt also fir d'Gëftstoffer vun Gin Tonic a Co. nees eraus ze spullen. Mat deem bësse Koffein, deen am Téi dran ass, gëtt souguer de Kappwéi bekämpft, ähnlech wéi mat enger Taass Kaffi.

Och bei Dehydratatioun (duerch den Alkohol), Bauchwéi a wann engem schlecht ass, ass ee mam Kombucha-Téi beschtens bedéngt. Ze kafe kritt een den Drink scho fäerdeg an der Fläsch oder et keeft een sech de speziellen Téi-Pilz an mécht sech e frëschen Téi, sou wéi dat schonn zënter Joren a Japan gemaach gëtt.