LifestyleDos an Don'ts fir Halloween

Halloween steet virun der Dier a bestëmmt hutt dir och schonn eng Halloween Party am Agenda stoen (am beschten natierlech d'Eldo Halloween Party)!

Leschten Update: 28.10.2016, 12:56:45

Halloween kënnt jo eigentlech aus Amerika an England, gëtt awer zënter eng Zäit schonn och grouss bei eis gefeiert. D'Kelten hunn deemools nämlech gemengt, dass d'Séile vun deenen déi am leschte Joer gestuerwe sinn, um 31. Oktober an d'Land vun den Doudege wanderen.... Mä genuch zur Geschichtsstonn! Hei e puer Dos and Don'ts fir op der Halloween Party trotz Mask oder bluddegem Gesiicht net negativ opzefalen:

Wien op eng Halloween Party ageluede gëtt, sollt op jidder Fall zousoen an net laang iwwerleeën. Et ass nämlech déi Chance fir sech a sengem coolsten, sexysten oder opwennegste Kostüm ze weisen an Androck bei de Kollegen ze maachen. A souwisou flirt et sech am beschte verkleet! ;-)

Spaass hunn ass natierlech e Must a steet ganz uewen op der Lëscht. A wann een iergendwou agelueden ass, onbedéngt eppes mat op d'Party bréngen, ob elo Iessen oder Gedrénks ass egal. Haaptsaach net mat eidelen Hänn kommen, well dat kënnt garantéiert net gutt un.

Fir dass den Owend ouni gréisser Pannen ofleeft, sollt een näischt riskéieren a Saache Verkleedung. D'"Sexy Infirmière", déi net an den High Heels lafe kann oder déi ganzen Zäit oppasse muss, dass den Dekolletee net ze déif ass, huet besser doheem ze bleiwen. Och Kostümer wéi eng schwanger Nonn oder sech wéi de Poopst ze verkleeden, sollt een aus Respekt vermeiden.

An dann nach een absolute Must zum Schluss: Fotoe maachen! Op Halloween si Facebook a Co. voll mat Zombien, Geeschter a Vampiren, wisou sollt een sech do also net uschléissen? Witzeg a grujeleg Gruppefotoe maachen an déi Leit jalouse maachen, déi deen Owend verpasst hunn.


We are feeling halloweeny today 🔪👀🍁🍁 ! Watch us clowning around with some Halloween looks 😜🦄

Ein von Bellaire Hair & Beauty (@bellairehairandbeauty1) gepostetes Foto am







SWEET DREAMS 🍭 Makeup by @artbybmazz

Ein von Halloween Makeup Ideas (@halloweenmakeupideas) gepostetes Foto am





Links