LifestyleTipps fir de beschte Workout

Wei kann een de Maximum aus sengem Workout erausschloen?

Leschten Update: 03.11.2016, 12:57:06

Och wann déi meeschte Leit op dat neit Joer waarde fir mam Fitness unzefänken, ass et awer och eng gutt Iddi fir sech elo schonn u Lafband a Co. erunzewoen. Wéi een de Maximum aus sengem Workout kann erausschloen, an och ausserhalb vum Fitness-Center fit bleift, dat verrode mer iech hei beim Lifestyle.

Amplaz vu Cola oder aner Gedrénks wat relativ vill Zocker huet, versicht mindestens 1,5 Liter Waasser pro Dag ze drénken. Dovunner kritt der net nëmmen eng schéin Haut, nee et hëlleft iech och beim Training wann der genuch Waasser intus hutt.

Och genuch Schlof ass wichteg. Dat relaxéiert, an den Dag drop ass een méi wakereg an och méi motivéiert fir no der Aarbecht an de Fitness ze goen.

E bëssen trëppelen ass och net verkéiert. Sief et an der Mëttegpaus, oder owes nom Iessen. Dat reegt d'Verdauung un, et kënnt een an d'frësch Loft wat gutt fir d'Gehir ass, an duerch d’Sonn hëllt de Kierper Vitamin D op.

Eng ausgeglachen Ernährung ass och extrem wichteg. Passt hei op dass äert Iessen net ze vill Fett oder Zocker enthält. Mä dir wësst wei et ass, et ass ëmmer déi nämlech Regel: alles mat Moosse genéissen. Heiansdo soll een sech och mat engem gudde Stéck Schockela belounen. Eng ausgeglachen Ernährung léist och Gléckshormoner aus, déi iech dann eventuell motivéiere fir an de Fitness ze goen.

Stretching hëlleft net nëmmen dobäi dass ee méi flexibel gëtt, mee verréngert d'Gefor vu Blesuren, an doduerch huet ee manner Muskelkater den Dag drop.

Ee klenge Small Talk mat den anere Leit am Fitness kann och dobäi verhëllefen nei Kollegen ze fannen. An wann ee sech gutt mat den Traineren hält, da kritt een och deen een oder anere Fitness Tipp fir näischt. Egal wei, d'Leit di een do regelméisseg gesäit beim Numm ze kennen, verwandelt de Fitness an eng manner anonym Platz, a Sport maachen gëtt och eng méi sozial Aktivitéit.

An zu gudder Lescht, lauschtert Musek déi iech motivéiert. Wei wier et mat Want To Want Me vum Jason Derulo oder Lose Yourself vum Eminem??


Egal wéi, Eldoradio wënscht iech vill Spaass bei ärem Workout, an denkt drun, et geet drëm sech gutt ze fillen, net wat op der Wo steet.