Lifestyle80s

80er Jore sinn zeréck, a beaflossen alt erëm d’Moude an d‘Pop Kultur

Leschten Update: 23.11.2016, 14:31:28

© Niklas HALLE'N / AFP

Am Ufank vun dësem Joer, hunn d‘Moudezäitschrëfte virausgesot dass 80er Joren een groussen Afloss op d’Moude an op Pop Kultur wäerten hunn.

Fänke mer e mol mat de Filmer un. Schonn nëmmen dëst Joer sinn eng Rei 80s remakes erauskommen, ewéi zum Beispill déi weiblech Versioun vun Ghostbusters. Fuller House, den sequel vun Full House kommen am Dezember mat der zweeter Staffel eraus, an Stranger Things ass complett an dem Style gefilmt.

De Bruno Mars huet mat sengem neie Lidd ‚Versace on the Floor‘ 80s elo definitiv aus dem Keller geholl. Mä Sleeping at Last mam Cover vum George Michael sengem ,Faith' an ,Wait' vun M83 beweisen dass een modern Musek mat engem Retro sound gutt verbannen kann.

Am Summer hate mer Schëllerfrei Kleeder mat grousse Faarwege Musteren, 80s eben. An souguer d’Epauletten konnt een op verschiddenen Kleeder entdecken. Mettalic huet och ee Comeback. Sief et vun engem goldegen Kleed, oder ee metalleschen Neellack, a Schmink. Alles wat blénkt a glänzt war dëst Joer modern. 

Top Tipp falls der den 80er Look rocke wëllt: verbënnt di Faarweg respektiv metallesch Elementer mat bëssi méi neutralen Téin. Less is more an dësem Fall.