LifestyleDe Phänomen 'First Lady'

Nieft engem neie President mussen d' Amerikaner sech och un eng ganz nei First Lady winnen.

Leschten Update: 11.11.2016, 14:21:30

© RICK WILKING / POOL / AFP

D’Roll vun der First Lady gouf zwar ni offiziell definéiert, mä als Fra vum mächtegste Politiker vun der Welt, huet si e groussen Afloss drop wei gutt hire Mann beim Public ukënnt.
Zanter den 1790er Joren ass d’First Lady och vill méi politesch aktiv.
Nieft der Verwaltung vum Wäissen Haus an hirem sozialen Engagement, representéiert se och hire Mann bei offiziellen Uläss.

© AFP

D’Jackie Kennedy huet d’Persona vun der First Lady revolutionnéiert. Duerch hir elegant Aart a Weis ze schwätzen, wéi se hir 2 Kanner erzunn huet a sozial Aarbecht, wor se méi beléift ewéi de President selwer. Hire Stil huet och nach d’Moude Welt inspiréiert, an zanter hier fokusséieren sech d‘Medien och drop ewéi d’Fra vum President ugedoen ass.

© NICHOLAS KAMM / AFP

Michelle Obama hat et am Ufank net ganz liicht, a misst staark un hirer Gestik an hirem Gesiichtsausdrock schaffen, well si Ufanks onsympathesch eriwwer komm ass. 8 Joer méi spéit, ass si net nëmmen eng Stilikone, mä d‘Michelle Obama setzt sech dofir an, dass d’Amerikaner sech méi gesond ernähren an dass all Meedchen Accès op Educatioun huet.

An da komme mir zu der neier First Lady, d'Melania Trump. E slowenescht Ex-Model matt engem kommunistesche Papp – eng First Lady wéi Amerika se nach net gesinn huet.

Hiren eegenen Aussoen no, vergläicht si sech mam Jacqueline Kennedy – eng traditionelle First Lady di sech fir Fraen a Kanner Rechter agesat huet. D'Meenungen iwwert dem Trump seng drëtt Fra splécken sech – vun der Sexbomm bis zur Marionette vum Trump.
Trotz dem Donald Trump senge rassisteschen, homophobesch  a sexisteschen Aussoen, stoung d’Melania trei hannert him, an huet versicht hien als Papp a Mann duerzestellen.

Op si dann och eng gutt 45st First Lady gëtt, wäerte mer an den nächste Méint erausfannen.