LifestyleDéi bescht Tipps fir bei dësem Wieder net kal ze ginn

Beim aktuelle Wieder bleift een am léifsten doheem. Hei e puer Tipps, wéi een déi puer Méint am beschten iwwersteet ouni kal ze ginn.

Leschten Update: 26.11.2016, 17:33:43

Dobausse stiermt a reent et an mir ziddere viru Keelt... Fir déi kal Joreszäit eenegermoosse waarm ze iwwerstoen, hu mir iech e puer einfach Tipps zesumme gesicht, déi de Kierper waarm hale sollen.

Wanterzäit ass Zoppenzäit! Waarm Zoppe wiermen de Kierper vu baussen a vu bannen, schmaache lecker a versuergen de Kierper och nach mat Vitaminnen. Nieft de waarmen Zoppe kann een säin Iessen awer och mat eppes schaarfem wéi Chili, Ingwer oder Curry wierzen. Schaarf Gewürzer reegen d'Duerchbluddung un an hëtzen de Kierper.

Wien op d'Gesondheet setzt, sollt virun allem elo d'Fëmmen an den Alkohol op der Säit loossen. Hei duerch erweideren sech d'Bluttgefäässer nämlech an dat féiert dozou, dass et engem zwar kuerzfristeg méi waarm gëtt, de Kierper awer op laang Dauer vill Temperatur verléiert a souguer eng Ënnerkillung méiglech ass! Dat selwecht gëllt also och fir de Glühwäin!

Bei der Keelt dréchnen och d'Lëpse séier aus. Hei am beschte mat Balsam nohëllefen an nëmmen net mat der Zong dru goen, well dat bewierkt nëmmen de Géigendeel.

Un Enn bleift dann nach d'Kleedung. Wien mat engem dënne Pullover ronderëm leeft, dee knapps de Bauch bedeckt, dee muss sech net wonneren, wann een no e puer Minutten ufänkt mat zidderen. Must sinn natierlech eng waarm, reefest Jackett, Händchen an eng Mutz, well e groussen Deel vun der Hëtzt iwwert de Kapp verluer geet. Ënnert der Jackett soll een sech dann em beschten nom "Zwiwwelprinzip" undoen, also an e puer Schichten.