
Wien awer dovunner gelangweilt ass an dëst Joer mat eppes nach méi Speziellem erausstieche wëll, dee kann säi Chrëschtbeemche jo einfach emol selwer bastelen! An hei ginn et eng ganz Rëtsch u Méiglechkeeten! Z.B. loossen sech aus ale Bicher, Stëpp, Zeitungen oder Béierfläsche an e bësse Kreativitéit ganz interessant an eemoleg Deko-Beemercher zauberen.
Wéi wier et z.B. heimat: D'Ëmrësser vun engem Beemche mat Kräid op d'Mauer molen an mat Punaissen oder Neel Bullen, Ketten a Luuchten drun hänken!
Eng aner Alternativ wier et al Zeitungen opzerullen an eng no där anerer un engem décke Bengel ze fixéieren, sou dass um Enn d'Form vun engem Beemchen eraus kënnt. Dat Ganzt kann een dann nach mat goldeger Faarf usprëtzen. Och witzeg ass d'Variant bei där een eng Zort Leeder aus décken Äscht bastelt, déi sech no uewen hin zouspëtzt. Op deenen eenzele Stufe vun der Leeder kënnen Bullen a Kaddoen opgehaange ginn.
Weider Iddien an Ureegunge fannt dir op Pinterest oder Instagram andeems dir no #Christmastree an #DIY sicht.



