
Wien dëst Joer also net ganz esou vill investéiere an eppes Perséinleches schenke wëll, dat donieft och nach voll am Trend läit, fir dee kéint dat hei genee dat Richtegt sinn: Selwergemaachte Chrëschtdags-Kichelcher!
De Virdeel ass, dass ee fir Kichelcher praktesch keng Erfahrung am Bake brauch, sou dass och Newbies vun dëser Kaddos-Iddi profitéiere kënnen. Mat e bësse Méi a Loscht loossen sech hei Kaddoe maachen, déi d'ganz Famill a Chrëschtdags-Stëmmung bréngen. Mir garantéieren dann och, dass dëse Kaddo net einfach duerno am Eck trëllt, mä bis op déi leschte Grimmel giess gëtt ;-)
Wéi d'Kichelcher herno ausgesinn oder no wat se solle schmaachen, ass iech iwwerlooss. Also einfach emol selwer kreativ ginn! Rezepter fannt dir um Internet op sëlleche Kach- a Rezeptsäiten.
D'Basis-Rezept fir Botter-Kichelcher fannt dir hei!