LifestyleRichteg waakreg ginn ...ouni Kaffi!

Du gehéiers och zu deenen, déi moies einfach net an d'Gäng komme sou laang se kee Kaffi gedronk hunn? Hei komme 5 Alternativen, déi genee esou hëllefen...

Leschten Update: 22.12.2016, 13:00:01

All Moies eng Tas Kaffi fir zou sech ze kommen ass jo schéin a gutt, mä dacks léisst ze vill Koffein een onroueg ginn a ka souguer Bauchwéi verursaachen. Wie moies awer einfach net richteg zou sech kënnt, fir deen hätten mir e puer Alternativen, déi engem de Start an den Dag vereinfachen.

Ugefaange mat Ingwer. Ingwer ass dee Waakregmaacher iwwerhaapt! D'Schäerft vun der Knoll bréngt de Kreeslaf a Schwong a reegt d'Verdauung un. E kengt Stéck Ingwer schielen a gliddegt Waasser driwwer schëdden. Fäerdeg.

Den Trend aus Japan: Matcha-Téi! Den aromatiséierte gréngen Téi ass a Japan schonn zënter Jorhonnerten fir seng Wierkung bekannt. Den Téi liwwert iwwer e laangen Zäitraum ëmmer nees Energie, mécht awer net onroueg.

Ganz banal: Waasser drénken! Méi bëlleg an einfach geet et garantéiert net. Kaalt Waasser reegt d'Duerchbluddung un an mécht monter. Wiem normaalt Waasser ze langweileg ass, dee kann dat Ganzt op peppen andeems een einfach e Stéck Zitroun, oder e puer Scheiwen Cornichen dra geheit.

An och Äppel, Orangen, Kiwien, an all anert Uebst mat vill Vitamin C mécht waakreg an hëlleft, dass een sech besser konzentréiere kann. E Mangel u Vitamin C ass dacks de Grond fir déi berühmte Fréijoersmiddegkeet...

A 'last but not least': Donkele Schokla! Mat 88 mg Koffein op 100 g leit de Schokla weit virun Energy Drinks a Kaffi. Allerdéngs ass schwaarze Schokla immens batter an net jidderengem säi Fall.