Lifestyle6 Tipps wéi ee manner Plastik verbraucht

Plastik am Alldag ganz einfach reduzéieren.

Leschten Update: 12.07.2018, 13:00:02

© bukitogi/Instagram

Plastiksoffall ass de Moment iwwerall ee grousst Thema. Vill Leit probéieren hire Plastikkonsum ze reduzéieren a méi bewosst domat ëmzegoen.
Du frees dech, wéi kann ech dat och maachen?
  

Villäicht hunn ech jo nach deen een oder aneren Tipp wéi een dem plastiksfräiem Liewe méi no komme kann, deen der nach net kennt.



Hei e puer Virschléi wéi ee Plastiksoffall am Alldag vermeide kann. Et geet ganz einfach dorëms d'Plastiksproduiten duerch nohalteg Produiten ze ersetzen. Ech géif soen, et geet een no Loscht a Laun fir an et fänkt ee mat deem un wat engem am einfachste fält an am meeschte Spaass mécht. A mat der Zäit kann ee probéieren seng al Gewunnechten ëmmer méi ofzeleeën. Esou hunn ech jiddefalls fir dat ze maachen! 

Back to Basics

  • Rucksak oder Stoffkuerf beim Akafe benotzen
  • Ee separate Sak aus Stoff fir Uebst a Geméis mathuelen
  • Jughurt a Mëllech a gliese Fläsche kafen
  • Leitungswaasser drénken amplaz Waasserfläschen ze kafen
  • Stécker Seef kafen, amplaz déi Seef aus dem Plastiksbehälter
  • Nuesschnappecher aus der Këscht amplaz am Plastik kafen





"To stay" amplaz "To go"

Moies um Wee an d’Schoul oder op d’Aarbecht schnell ee Kaffi matgeholl amplaz dësen op der Plaz ze konsoméieren, wie kennt dat net? D’Alternativ zu engem Kaffi "To go" wier, eng Taass oder ee Becher matzebréngen deen een ëmmer erëm benotze kann. Déi meescht Geschäfter akzeptéieren an appreciéieren dëse Gest souguer.

Oder sech e bëssen Zäit huelen an de Kaffi ganz einfach sur place genéissen ass och eng Méiglechkeet.

 


Wat bréngt dat alles der Ëmwelt?

Manner Plastik verbrauchen heescht och manner Plastiksoffall.

  • Et hëlleft een d’Mierer vu weiderem Plastik ze verschounen
  • Et fuerdert een den Déiereschutz, well de Plastik deen am Mier schwëmmt duerch d’Stréimungen zu Mikroplastik zerriwwe gëtt an vun de Fësch an anere Mieresliewewiese giess gëtt.
  • Et schount een d’Ressourcen, well Plastik aus Pëtrol higestallt gëtt.

[ECO INFO] Kenapa sih HARUS, KUDU, WAJIB, PATEN meninggalkan atau paling tidak mengurangi penggunaan plastik sekali pakai? Yaa ini dia beberapa dampaknya. Kita manusia menempati tempat hidup yang sama dengan makhluk lainnya, kalau di suatu tempat sudah tercemar maka cemaran itu akan kembali ke kita juga akhirnya melalui siklus alami air, udara juga rantai makanan. Peringatan #PlasticFreeJuly ini adalah momen selama satu bulan yang diperingati setiap tahun untuk menyadarkan masyarakat luas tentang awareness ini. Well ayolah rubah kebiasaan penggunaan plastik sekali pakai, emang si rada ribet tapi yaa namanya usaha tentu ada aja keluh kesahnyaa dan sebenarnya gak susah kok, hanya belum terbiasa. Mulai dari aksi pribadi untuk bumi yang lestari 😉 ✌️💚🌍🐢🐋🐬🐟🌊 Source: @lessplasticuk #sinergiuntuklestari #sadarlingkungan #bijakbertindak #mudaberaksi #mampirkehilir #akupraktismerekatragis #gcug #plasticsucks #pantangplastik #janganplastik #PlasticFreeJuly #cleanseas #wildforlife #oceanlovers #ouroceanourfuture #BeTheChange #BeatPlasticPollution #BreakFreeFromPlastic #PlanetOrPlastic #PassOnPlastic #UseLessPlastic #LessOceanPlastic #StopSucking

A post shared by UKM Green Community UGunadarma (@greencommunityug) on



Lauschtert eran!


xx, Amy Watson