
© Tommy Wong
Et gi jo Leit, déi nom Duschen iwwerall op der Haut sou rout Plaze kréien, déi bäissen a kribbelen an heinsdo och wéi dinn. Ass dat eng Allergie géint Waasser? Oder gëtt et dat iwwerhaapt net?
Eng richteg Allergie géint Waasser gëtt et net! Mee et gëtt awer eng Krankheet, déi am Volleksmond „Waasserallergie“ genannt gëtt, déi dës Symptomer huet.
Mee et ass keng Allergie?
Nee. Eise Kierper besteet jo zu 70% aus Waasser! Mir wiere jo da géint eis selwer allergesch!
Wat genee ass dann eng Allergie?
Dat ass wann däi Kierper mengt, en harmlose Pollen oder e Kazenhoer wier e Krankheetserreger deen e miisst bekämpfen! En reagéiert also iwwer. E bilt Antikierpercher an Histamin, fir eng Entzündung auszeléisen, grad esou wéi wann’s de wierklech krank wiers. Eng Entzündung u sech ass am Fong näischt Schlechtes, dat ass dem Kierper seng Methode fir sech ze heelen. Mee wann natierlech näischt futti ass, an näischt do ass fir ze heelen, jo dann dréint de System bessen op der Felg!
Mee wat ass dann den Ënnerscheed mat där Krankheet? Wann d’Waasser dech krank mécht, da mëss de dech jo och selwer krank?
Richteg! Mee et ass guer net d’Waasser u sech wat dech krank mécht, mee Salzer déi dra sinn, sou wéi Kallek, Chlorid oder Fluorid. Deng Haut kann iwwrempfindlech sinn a mat klengen Hautirritatiounen op déi Salzer reagéieren. An da kanns de eben sou rout Plaze kréien. Des Salzer sinn och am Schwees a sou kann et virkommen datt een op säin eegene Schwees allergesch ass.
Dat heescht wou wéi d’ Kleopatra dat fréier gemaach huet, sou an der Mëllech bueden, dat notzt u sech guer näischt, well d’ Mëllech ass jo och voller Kallek?
Genee!
Zousätzlech Informatiounen:
Wéi verbreet sinn Allergien:
Eng Allergie gëtt ausgeléist, wann de Kierper op eng harmlos Substanz reagéiert wéi wann et e Krankheetserreger wier. Am Moment ginn et 20.000 erfuerschte Substanzen, déi eng Allergie kennen ausléisen. Déi heefegst sinn: Pollen, Milben oder Kazenhoer. Et ginn awer och vill Liewensmëttelallergië, wéi Nëss oder Lactose.
Hautesdaags huet ongeféier all 3ten eng Allergie. Glécklecherweis sinn net all des Allergie schlëmm. Heinsdo huet ee wierklech just Schnappsymptomer, d’Nues leeft, d’Aan picken. Dack ass ee sech emol net bewosst dass et eng Allergie, a keng Erkältung ass. Et ginn natierlech och méi schlëmm Allergien, déi Otemschwieregkeeten, Asthma oder extrem nidderege Bluttdrock ausléisen, sou dass een esouguer kann a Liewensgefor geroden.
Wann d’Elteren allenzwee eng bestëmmten Allergie hunn, dann ass de Risiko dass d’Kanner se och hu leider immens grouss (70%).
Firwat ginn et hautesdaags méi Allergien:
Säit der Industrialiséierung ginn Allergië bei eis ëmmer méi heefeg, während se an Entwécklungslänner seele bleiwen. Och a groussen dynamesche Famillje sinn Allergië méi seele wéi a klenge Famillje mat just engem Kand. Duerch des Beobachtunge koumen d’Fuerscher op d’Iddi, dass d’Hygiène an de Kontakt mat Dreck a Krankheetserreger eng grouss Roll bei Allergie spillt.
Eng Allergie ass jo eng Iwwerreaktioun vum Imunsystem. Wann de Kierper ville Krankheetserreger ausgesat ass, dann ass den Imunsystem gutt belaascht, an huet souzesoe weder Zäit nach Energie fir sech em déi harmlos Substanzen ze këmmeren an iwwerzereagéieren. Wann een awer zevill propper lieft, zevill steril, an et kennt een net genuch mat Krankheetserreger a Kontakt, dann iwwerreagéiert en soubal iergendeng Substanz laanscht kennt. Aus Langweil kéint ee bal soen.
Et ginn awer och aner Faktoren, déi d’Ausléise vun enger Allergie kenne beaflossen. Mir hunn zum Beispill vill Bakterien an eisem Verdauungstrakt, déi eis bei der Verdauung hëllefen, eis Darm-Flora. A laut enger Rei Fuerscher sinn do Parasiten dobäi, déi eisen Imunsystem ënner Kontroll halen, déi also verhënneren dass mer Allergien entwéckelen. Dofir ass et wichteg dass eis Darm-Flora intakt ass a gutt funktionéiert.
Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:
Well ëmmer méi Leit Allergien entwéckelen, mussen och ëmmer méi Produkter op de Maart kommen, déi géint Allergië getest sinn: Seefen, Crèmen a Liewensmëttel, Kleeder, Baumaterial!
Obwuel eng ganz Réi Allergien hautesdaags kenne mat Medikamenter behandelt ginn, kennen se trotzdem d’Liewensqualitéit beaflossen. D’europäesch Fondatioun fir Allergien („European Centre for Allergy Research Foundation“) interesséiert sech dofir fir e ganze Koup Theme rondrëm Allergien. Vu fundamentaler Fuerschung bis iwwert d’Entwéckelung vun neie Medikamenter, Opklärung iwwert Allergien a wéi ee besser kann domat liewen, nei Behandelungen an Technologien déi engem den Alldag kenne vereinfachen.
Fuerschung zu Lëtzebuerg:
Och Lëtzebuerg gëtt net vun de Allergie verschount. 25 – 30% vun de Lëtzebuerger si mat Allergië geplot, vill méi wéi nach virun 30 Joer.
De CRP-Santé huet duerfir e Labo, dee sech nëmmen op Allergien an eisen Imunsystem konzentréiert. Si probéieren ze verstoen, firwat verschidde Leit Allergien entwéckelen a wat genee an deem Moment an eisem Kierper geschitt. Si schaffen enk mam Gesondheetsministère (Statioun Aérobiologie) a mam Centre Hospitalier (CHL – Servive d’allergie et d’immunologie) zesummen.
Texte & Recherches: Corinne Kroemmer
Linken :
Foto ( vum Tommy Wong): http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/93/Girl_swimming.jpg/800px-Girl_swimming.jpg
Hygiene Hypothesis: http://edwardwillett.com/2000/05/the-hygiene-hypothesis/
Parasite Immunology: http://onlinelibrary.wiley.com/doi/10.1111/j.0141-9838.2004.00728.x/abstract;jsessionid=B03724936A7DFA0287512F355956FDDC.d03t01
Epidemiological and immunological evidence for the hygiene hypothesis: http://www.sciencedirect.com/science/article/pii/S0171298507000393
Allergies au Luxembourg: http://www.crp-sante.lu/public/La-Recherche/Nos-th%C3%A9matiques/Allergies
CHL : http://www.chl.lu/
Aérobiologie : http://www.pollen.lu/
ECARF : http://www.ecarf.org/foundation/about_us.html
Quellen:
Fehlreaktion des Immunsystems: So entsteht eine Allergie: http://www.heuschnupfen.org/allergie/allergie-was-passiert-im-koerper.html
Was geschieht bei einer Allergie: http://www.gesund-heilfasten.de/allergie/allergie-was-geschieht.html