D' Wardeschlangen op Fraentoiletten sinn emmer mi lang...

Wisou dat sou ass, dat weess de Mister Science!

Leschten Update: 26.11.2013, 11:00:41

 


   
Effektiv ech ka bestätegen, op all Concert, am Kino an um Flughafe sinn ëmmer op de Fraentoiletten  Schlaangen an op de Männertoiletten net. So lo nach dat kinnt ee wëssenschaftlech ënnert d’Lupp huelen… w.e.g. kee Fäkalhumor lo ;-)

Ma nee, du kenns mech joJ- Et ginn awer effektiv Fuerscher déi dat analyséiert hunn a si hunn e puer erstaunlech Feststellunge gemaach, a vläicht ginn an Zukunft d’Schlaange méi kleng wann ech iech erziele wat se rausfonnt hunn.

Ma ech lauschteren der jo scho mol no!

Majo d’Frae musse sech jo setze fir pissen ze goen, an dat eleng hëlt schonn e bësse méi Zäit wéi bei de Pissoir ze goen, mee dat giff net sou an d’Gewiicht falen… wier do net d’Angscht vun de Mikroben. Déi meeschte Leit, och Männer, hunn Angscht dat se sech vum Toilettebrëll eng schlëmm Krankheet ze huelen. 12% vun alle Frae leeën dofir de ganzen Toilettendeckel mat Toilettepabeier aus, ier se sech setzen, an dat frësst vill Zäit.

An déi aner 88 % setze sech einfach?

Ma nee eben net, dat maache just 3%, déi aner pissen op ëffentlechen Toiletten ouni sech ze setzen, an sou enger Hockpositioun, verstees de wéi ech dat mengen?

Jojo, mee dat hëlt jo awer elo net méi Zäit…

Dat ass wouer, mee duerch déi Positioun sinn d’Bauchmuskelen an d’Beenmuskelen ugespaant an da leeft ET net méi sou gudd. Enger englescher Studie no, kënnt an der Hockpositioun iwwer 20% manner Pippi raus wéi wann ee sech giff sëtzen. D’Blos gëtt also net ganz eidel. An dat heescht erëm datt déi Frae méi oft mussen op d’Toilett goen, an doduerch gëtt d’Schlaang also méi laang.

A wat réidst de eis Fraen da lo ?

Majo, déi Suerg datt déi Mikrobe vun der Toilett ee krank maachen ass u sech onbegrënnt. Toilett ass am verglach zu eiser Handy z.B. méi propper. D’Mikrobe kommen iwwert den Toilettendeckel och nëmme ganz schwéier an eise Kierper eran. Et kann ee sech also ouni Problem direkt sëtzen.

Mikroben där bal keng do sinn, sinn also Schold un de Waardeschlaangen op den Toiletten. Wéinst mir muss an Zukunft op jiddefall kee méi méi laang waarden!

 

Fraentoiletten

Zousätzlech Informatiounen:

Wéi gi Mikroben iwwerdro a verursaache Krankheeten:

Duerch eise Liewensstil si mer permanent Mikroben ausgesat! Mir wunnen dack a groussen Appartementshaiser, schaffen a gemeinsame Büroen, benotzen den ëffentlechen Transport an esou weider. Et geet duer dass ee sech an d’Hand neitst an dann eng Klensch upéckt, a scho rafen all déi, déi d’Klensch no him upaken, e Grapp Mikroben op! Dat selwecht gëllt fir Rei Liewensmëttel. A well mer eis jo net all 2 Minutte kennen d’Hänn wäschen, verdeele mer d’Mikroben esou iwwerall wou mer laanschtginn. A mir rafen der natierlech och iwwerall op.

Mikroben eleng op den Hänn sinn net schlëmm, do kennen se keng Krankheeten ausléisen. Leider fiert en erwuessene Mënsch sech 16 mol an der Stonn onbewosst mat den Hänn an d’Gesiicht (a 5 mol an d’Nues).  Kleng Kanner fuere sech esouguer bis zu 80 mol an der Stonn mat den Hänn an d’Gesiicht. An do kennen d’Mikroben dann endlech Krankheeten ausléisen!

Fir Krankheeten ze vermeiden, muss een also verhënnere fir Mikroben un d’Hänn ze kréien, respektiv fir se vun den Hänn an d’Gesiicht ze kréien!

Mikroben op der Toilette:

Déi gefaartenst Plazen op enger ëffentlecher Toilette sinn d’Klensch an den Toilettebrëll. Studie weisen awer kloer, dass do déi mannste Mikrobe sinn. Glécklecherweis wäschen näämlech 70-80% vun de Leit hir Hänn no der Toilette, a verbreeden dofir keng Mikroben. Och den Toilettebrëll ass erstaunlech propper, soulaang mer natierlech richteg an d’Toilette zielen! Op der Haut hu mer net esouvill béiss Mikroben déi mer do kéinten hannerloosse wa mer eis setzen. Déi eenzeg Spuere vu Mikrobe sinn an deene klengen Drëpsen, déi op de Brëll fléie wann ee Waasser zitt.

Wou et awer vu Mikroben nëmmen esou wimmelt, ass de Lavabo! Wat awer och logesch ass, well mer jo mat den Hänn mat de Mikroben a Kontakt kommen, wa mer eis ofbotzen. De Pabeier hëlleft do net vill, well d’Mikrobe kenne sech duerch 10 Loen duerchkämpfen! Wann een de Lavabo also well vermeiden, kann ee sech d’Hänn einfach desinfizéieren an se dann awer sou séier wéi méiglech doheem wäschen.

Mikroben doheem:

Studie weisen, dass och doheem d’Toilette meeschtens déi mannste Mikroben huet. Aus Angscht viru Krankheeten, a well mer mengen dass een do méi séier a méi einfach Krankheeten opreeft, botze mer déi méi dack. Mee an der Kiche fanne mer bis zu 200 mol méi Mikrobe wéi op der Toilette! An zwar well mer do mat réie Liewensmëttel hantéieren, zum Beispill um Briet fir d’Geschnëtzeltes ze schneiden, oder um Schwamm fir séier den Dësch ofzemaan, wou virun 2 Minutten nach e Koup réit Geméis loung.

Mikroben-Alarm:

Telefon: baal 4000 Mikrobe pro cm2

Büro: 3 200 Mikrobe pro cm2

PC-Tastatur: 500 Mikrobe pro cm2

PC-Maus: 260 Mikrobe pro cm2

Fax: 50 Mikrobe pro cm2

Toilettebrëll: 8 Mikrobe pro cm2

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Infektiounskrankheeten, also Krankheeten déi duerch Mikroben iwwerdro ginn, sinn hautesdaags déi drëtt heefegst Doudesursaach, no Häerzkrankheeten a Kriibs.

Dofir ass d’Fuerschung an dësem Beräich och zu Lëtzebuerg eng Prioritéit, an den CRP-Santé huet direkt 2 Laboen, déi sech mat verschiddenen Aspekter vun dëse Krankheete beschäftegen.

Deen een, den „Laboratoire de Rétrovirologie“ konzentréiert sech op AIDS a schafft intensiv mat aner Fuerschungsinstituter a ganz Europa zesummen, fir des Krankheet an de Grëff ze kréien.

Deen aner, den „Département d’Immunologie“ erfuerscht méi allgemeng Infektiounskrankheeten an entwéckelt Behandlungsmethoden, wéi zum Beispill Impfungen.  Si sinn och a ganz Europa fir hir Aarbecht iwwert d‘ Grippeviren (Vullegripp, Schwéngsgripp) unerkannt.

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:

Den Dr Gerba vun der Uni vun Arizona ass weltwäit als de Spezialist fir Hygiène doheem am Stod unerkannt. Seng Aarbecht iwwer Mikroben dréit och dozou bäi fir d’Qualitéit vun Drénkwaasser ze verbesseren an d’Verbreedung vu Mikroben op dësem Wee ze verhënneren.

Hien huet iwwer 20 Joer domat verbruecht, Prouwen aus alles Ecker vun Haiser ze sammelen, an ze kucke wou genee wéieng Mikrobe wuessen, a wéi schiedlech oder geféierlech se fir eis sinn. En huet och vill Zäit domat verbruecht, Prouwe vun ëffentlechen Toiletten op der ganzer Welt ze sammelen an ze analyséieren.

Seng zwou gréisst Konklusioune sinn dass d’Toilette an engem normalen Haushalt déi propperst Plaz ass, an dass op der Toilette Mikrobe sech just kennen an de klenge Waasserdrëpsen verbreeden, déi eventuell op den Toilettebrëll sprëtze wann ee Waasser zitt.

PS: den Erfinder vun der Toilettespülung mam Syphon huet Thomas Crapper geheescht! J

Texte & Recherches: Joseph Rodesch a Corinne Kroemmer

Linken:

Hygiene in the 21st century:  http://www.youtubProf e.com/watch?v=9RhiHQne63I

Flushing the toilet: http://www.straightdope.com/columns/read/1317/does-flushing-the-toilet-cause-dirty-water-to-be-spewed-around-the-bathroom

Laboratoire de Rétrovirologie: http://www.crp-sante.lu/Research-Departments/Virology,-Allergology-and-Immunity/Laboratory-of-Retrovirology

Département d’Immunologie : http://www.crp-sante.lu/Research-Departments/Immunology-Department

CRP-Santé : http://www.crp-sante.lu/public/La-Recherche/Nos-th%C3%A9matiques/Maladies-infectieuses

Dr Gerba: http://ag.arizona.edu/swes/people/cv/gerba.htm

On germ patrol at the kitchen sink: http://www.nytimes.com/1999/02/23/health/scientist-at-work-charles-gerba-on-germ-patrol-at-the-kitchen-sink.html

 

Quellen:

Crouching over the toilet seat: prevalence among British gynaecological outpatients and its effect upon micturition: http://doc.procrastin.fr/crouching01.pdf

Les bactéries fourmillent sur votre ordinateur: http://www.doctissimo.fr/html/sante/mag_2004/sem01/mag0319/sa_7563_ordinateur_microbes.htm

Links