
Et gi jo immens vill Leit déi eng Stëbsallergie hunn, an ech hunn do mol héieren, dat wier eigentlech eng Allergie géint Milben. Mee di sinn dach iwwerall?
Jo, d’Milbe begleeden eis wierklech op Schrëtt an Trëtt! Dat ass eng riseg Famill vu klenge Krabbeldéieren. Et ginn och kleng Milben déi bei eisen Hoerwuerzelen hausen, oder an eisen Liewensmëttel. Mee am beschte vertruede sinn se awer ganz entzwuesch anescht: an eisem Bett!
Hmm, kuscheleg!
Allerdéngs! An eiser Matratz hausen am Duerchschnëtt 1,5 Milliounen där Exemplaren! Déi hunn eis Hëtzt gär, an d’Fiichtegkeet déi mir am Schlof verléieren. A genuch Hautzelle fir sech de Bauch voll ze schloen!
Aaah, krabbelen déi dann an der Nuecht iwwert eis?
Nee, glécklecherweis net, mir sinn hinnen ze waarm! Mee si kommen awer ganz no, well d’Fiichtegkeet, déi mir duerch eise Schweess un d’Matratz ofginn, ass hir eenzeg Waasserquell. An ouni Waasser kéinten se net iwwerliewen.
Pfuh, gudd ze wëssen! Mee hunn se dann elo wierklech eppes mat der Stëbsallergie ze dinn?
Jo, well hire Kot zerbröselt wann en dréchent, a vermëscht sech mam Stëbs. A verschidde Leit entwéckelen eben eng Allergie géint Milbekot!
D’déiere selwer brauche mer awer net ze färten, déi si mol keen halwe Millimeter grouss! Et ass ebe just e Problem wann’s de eng Allergie hues. Do kanns de näämlech Ausschlag, Heeschnapp oder souguer Asthma kréien!
Dat heescht eigentlech sinn déi kleng Geselle ganz harmlos! Ech hoffen du hues awer nach e puer Minutten Zäit, du muss mer näämlech fir d’éischt nach erziele wéi ech se doheem kann a Schach halen. An dat ganzt kennt der dann op eldo.lu noliesen!
Zousätzlech Informatiounen:
Wou hausen d’Milben, a wéi kann ech se a Schach halen wann ech eng Allergie hunn.
Teppech
En Teppechbuedem kann esou wuel e Virdeel wéi en Nodeel sinn, dat hängt dovun of wéi staark een allergesch ass a wéi dack ee botzt.
Wann een e glate Buedem permanent stëbsfräi hält, dann ass dat natierlech déi beschte Léisung. Wann een awer net Zäit huet fir all Dag ze staubsaugeren an naass opzebotzen, da kann en Teppech och vu Virdeel sinn. De Stëbs, an domat och de Milbendreck bléift näämlech am Teppech hänken, a gëtt net bei all Beweegung opgewirbelt. Sou ootme mer es dann och manner an. Den Teppech muss natierlech awer sou dack wéi méiglech gebotzt ginn.
Stoffmiwwel
Fotellen oder gepolstert Still sinn natierlech och e Paradäis fir Milben, an domat och Milbendreck. Well déi Saache schwéier ze botze sinn, sinn se fir Allergiker am allgemengen ze vermeiden. Natierlech kann een Anti-Allergie Bezich drop man, an se regelméisseg mat aggressive Botzmëttel propper man. Méi eng gesond Méiglechkeet ass och, fir d’Loftfiichtegkeet an deenen Zëmmeren niddereg ze halen. Milben entwéckele sech näämlech am beschten ab 60% Loftfiichtegkeet. Leider ass dat net ëmmer einfach ze kontrolléieren, an dréche Loft dréchent eis Schleimhaut an der Nues an der Strass aus, a mir gi méi séier krank!
Bett – Matratz, Bezuch
Hei wimmelt et wierklech nëmmen esou vu Milben. Zwee drëttel vun de Milben am ganzen Haus sinn hei ze fannen. An der Nuecht, oder wann een am Bett läit, da kommen se sou no wéi méiglech bei eis, fir vun eiser Kierperfiichtegkeet ze profitéieren. Soubal mir opstinn, verschwannen se déif an der Matratz oder der Decken.
Et ass also wichteg fir d’Bett sou dréche wéi méiglech ze halen! Gudd lëften an d’Bett moies ausdonste loossen, sinn also immens wichteg. Leider kenne mer net verhënneren dass mer an der Nuecht schweessen. Mir verléieren am Duerchschnëtt ee Liter pro Nuecht.
Et gi Schutzbeleeg fir op d’Matratz, rondrëm d’Decken an d’Kappkëssen, déi eng Barrière tëscht eis an de Milbe man. Si verhënneren dass mer Milben aus der Matratz anootmen. Leider sinn déi Beleeg deier an net onbedingt bequem.
De Choix vun der Matratz ass dat wichtegst! Do ginn et näämlech verschidde Materialien, déi vun Natur aus Milben ofstoussen, wéi zum Beispill natierleche Latex, Bambusfibren, Kotteng, Woll oder Seid. Et kann een natierlech och eng Matratz aus syntheteschem Latex huelen, mee déi ass vill méi schwéier an onhandlech.
Milben hunn et och net gär zevill waarm. Dofir soll een alles wat een nëmme kann (Bettgezei, de Kanner hir Plüschdéieren, Teppecher, asw ) regelméisseg fir eng Stonn bei 60°C wäschen (oder eng normal Wäsch bei 90°C).
Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:
Milbe sinn eng riseg Famill a gehéieren nieft Skorpiounen, Zecken a Spannen zu den Arachniden, an net zu den Insekten. Et si bis elo 50.000 Arte vu Milbe bekannt, mee d’Fuerscher schätzen, dass dat nëmme 5% vun alle Milbenarte sinn, déi eis ëmginn.
De Prof. Thierry Hance vun der Uni vu Louvain hëlt dës Krabbeldéiere méi genee ënnert d’Lupp. Zesumme mat senger Equipe aus der „Unité d’Ecologie et de Biogéographie“ probéiert hien se besser ze kennen an ze verstoen. Milbe sinn näämlech iwwerall, eng Rei si fir de Mënsch geféierlech, a vun aneren hängt eist Iwwerliewen of! Verschidde Milbe kennen Allergien ausléisen oder och Krankheeten iwwerdroen, anerer si Parasiten an zerstéiere ganz Planzefelder, an nees anerer verschaffe planzlech Iwwerreschter zu Kompost!
Fuerschung zu Lëtzebuerg:
Zu Lëtzebuerg steet éischter de Milben hire Cousin, d’Zeck, am Vierdergrond! Déi iwwerdroen näämlech eng ganz Rei Krankheeten, déi souwuel fir d’Déiere wéi fir de Mënsch geféierlech sinn, wéi zum Beispill d’Borreliose an d’Hirnhautentzündung. Am Duerchschnëtt dréit all fënneft Zeck esou e Krankheetserreger.
D’Département fir Imunologie vum CRP-Santé ginn dëser Zeckegeschicht ënnert der Leedung vum Prof. Dr. Claude Muller op de Fong. Si sammelen Zecken a ganz Lëtzebuerg an analyséiere genee wou wéieng Krankheetserreger ze fanne sinn.
Texte & Recherches: Corinne Kroemmer
Linken :
Un matelas anti-bactérien ou anti-acarien: http://matelas.confort-domicile.com/matelas/dossier/309/un-matelas-anti-bacterien-ou-anti-acarien-est-ce-utile.html
Milben aus Bett und Couch vertreiben: http://www.zuhause.de/milben-mit-cleveren-haushaltstricks-bekaempfen/id_48415518/index
Milben im häuslichen Bereich: http://agoef.de/agoef/schadstoffe/milben.html
Les acariens des poussières: http://www.acari.be/fr/pest_a.php
UCL Unité d’Ecologie et de Biogéographie: https://www.uclouvain.be/239886.html
Département Imunologie: http://www.crp-sante.lu/en/Research-Departments/Immunology-Department/Laboratory-of-Immunology/Activities/Tick-borne-viruses
Quellen:
Les acariens des poussières: http://www.acari.be/fr/pest_a.php
En finir avec les acariens: http://www.doctissimo.fr/html/dossiers/allergies/articles/8846-acariens-allergie-aspirateur.htm
Immer dieser Staub: http://www.wdr.de/tv/quarks/sendungsbeitraege/2004/0413/006_unsichtbar.jsp