
© Thermos
Ech hunn do eppes héieren, dat huet mech e bësse stutzeg gemaach! Anscheinend ginn et Villercher, déi méi Alkohol verdroe wéi mir. Kann dat sinn? Oder huet do ee mech op d’Schëpp geholl?
Nee nee, dat war sécher keen Abrëllsgeck! Et gi wierklech verschidde Villercher, déi verdroe locker 3 Promill, do wiere mir schonn un enger Alkoholvergëftung gestuerwen.
An dat ass net geféierlech fir d‘Villercher? Wann déi do rondrëm tierkelen?
Nee, d’Natur huet sech do schonn eng afale gelooss. D‘Villercher hunn zwar vläit zäitweis vill Alkohol am Blutt, mee si sinn net voll! Si huelen näämlech vill manner Alkohol an d’Blutt op wéi mir zum Beispill. A si bauen den Alkohol bis zu 14 mol méi séier of wéi mir! Hiren Alkoholspigel ass also no e puer Stonne rëm op Null. Si miissten also schonn extrem séier extrem vill gegärte Friichten iessen, fir eng richteg am Kanelli ze hunn!
An et si just verschidde Villercher déi dat kennen?
Nee, am allgemengen all déi Déieren, déi sech vu Friichten ernieren. Den Hierscht, wann déi iwwerzeideg sinn, da fänken se jo u mat gären. Dat heescht den Zocker gëtt an Alkohol ëmgewandelt.
An all déi aner Déieren? Verdroen déi och all souvill Alkohol?
Genee! A Schweden hat zum Beispill eng Kéier en Elch sech an enger Heck verheddert, en hat zevill gegärten Äppel giess an hat béis eng hänken. Normalerweis ësst dee jo just Gras a Flechten, dofir verdréit deen den Alkohol dann och net besser wéi mir!
Dat heescht vun Natur aus si mir Mënschen eigentlech guer net gemaach, fir esou vill Alkohol ze drénken!?
Ganz genee...
Zousätzlech Informatiounen:
D’Geschicht vum Alkohol
Hief, déi Zocker kann an Alkohol ëmwandelt, ass virun 130 Millioune Joer opgetaucht, zu deem Moment, wou Planzen ugefaang hu Bléien ze ma fir sech fortzeplanzen. Virdun ass et och schonn Hief ginn, déi sech vun Zocker erniert huet, mee déi huet den Zocker ganz ofgebaut, ouni Nieweprodukter ze produzéieren. Mee et huet sech erausgestallt, dass Alkohol d’Bakterie futti mécht, déi sech och wëlle vum Blummenektar ernieren. D’Hief huet also e Wee fonnt, fir seng Konkurrenz a Schach ze halen.
De Mënsch an Alkohol:
Do gëtt et zwou Theorien:
1- Verschidde Fuerscher schwätze vun enger Symbios, also enger enker Relatioun tëscht dem Mënsch an der Hief, vun där jidderee profitéiert. Schonn eis Virfahre wiere vum Geroch no Alkohol vu gegärte Friichten ugezu ginn, an hätten der Hief esou gehollef sech ze verbreeden. Spéider hu mer esouguer geléiert, Hief ze kultivéieren a selwer de Gärungsprozess ze kontrolléieren. Mir beschwipsen eis also, an hëllefen der Hief esou z’iwwerliewen.
2- Aner Fuerscher gleewen net un dësen natierlechen Drang fir Alkohol opzesichen. Laut hinnen huet den Alkoholkonsum réischt virun 10.000 Joer ugefaang, mam Ufank vun der Landwiertschaft wéi eis Virfahren ugefaang hu sech neier ze loossen. Alkohol wier als Konservéierungsstoff benotzt ginn, fir d’Iwwerproduktioun vun hire Produkter méi laang kennen ze halen an ze verhënneren dass se duerch Bakterien ugefaang hu mat faulen. Ausserdeem hätt Alkohol gehollef, déi nei sozial Relatiounen an deene klengen Dierfercher oprecht ze erhalen.
Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:
Eng chinesesch Fuerschungséquipe setzt sech mat der Evolutioun vun eiser Alkoholtoleranz auserneen. Och bei eis gëtt jo ëmmer behaapt, d’Asiate giffe keen Alkohol verdroen, an d’Fuerscher sinn dëser Fro op d’Spuer gaang:
Fir Alkohol an der Liewer ofzebauen, brauche mer zwee Enzymer, an a villen asiatesche Populatioune feelt tatsächlech dat zweet Enzym. Dofir kenne si Alkohol net richteg ofbauen a leiden séier ënnert de Konsequenzen vu liichter Alkoholvergëftung. Dëse Phenomen ass virun 7.000 bis 10.000 Joer opgetaucht, wéi si ugefaang hun Räis unzebauen a Räisschnapps ze produzéieren. Laut de Studie vun dëser Fuerschungséquipe, wier den Alkoholkonsum ze séier an d’Luucht gaang, fir dass eise Kierper sech hätt kennen dru gewinnen. Déi negativ Aspekter vum Alkohol haten d’Iwwerhand, a Leit, déi net vill Alkohol gedronk hunn, hate méi grouss Iwwerliewenschancen. Dofir huet déi Alkohol-Intoleranz sech séier duerch Asien verbreet.
Laut enger aner Studie aus dem Joer 2010 ass Alkoholkonsum bei eis den drëtt gréisste Risiko fir eis Gesondheet an den Alkoholkonsum kascht all Joer weltwäit 4,9 Millioune Leit d’Liewen. Déi negativ Aspekter vum Alkohol huelen also och bei eis d’Iwwerhand, a verschidde Fuerscher munkelen dass déi Alkohol-Intoleranz sech och deemnächst bei eis wäert verbreeden.
Fuerschung zu Lëtzebuerg:
Lëtzebuerg gëllt an Europa als Land mat deem héchsten Alkoholkonsum (13,3 Liter puren Alkohol pro Joer op de Kapp). Natierlech gëtt e groussen Deel vum Alkohol, deen zu Lëtzebuerg kaf gëtt, am Ausland konsomméiert a verfälscht dofir d’Statistik e bëssen. Mee alarméierend ass se trotzdem.
D’europäesch Commissioun huet dofir 2005 während engem Workshop zu Lëtzebuerg de gesondheetlechen, sozialen an ökonomeschen Impakt vun Alkohol ënnert d’Lupp geholl. Dobäi si Froen opkomm wéi zum Beispill: Wat bréngt déi Jonk dozou, esou vill Alkohol ze konsomméieren? Wéieen Impakt huet Alkohol op d’kierperlech Entwéckelung vu jonke Leit? Wéieng gesondheetlech Problemer kenne laang nom Konsum optauchen? Wéieen Impakt huet Alkohol op Gewalt an der Famill? Gëtt et en Zesummenhang tëscht Alkoholkonsum a Selbstmord?
Fir op all dës Froen Äntwerten ze fannen, beschäftege sech weltwäit Fuerschungséquipen aus allméigleche wëssenschaftleche Beräicher (Evolutioun, Neurologie, Kriibsfuerschung, Economie, Politikwëssenschaft, Sociologie an esou weider) mat dësen Themen!
Texte & Recherches: Corinne Kroemmer
Linken :
Foto (vum Thermos) : http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/b/be/CarduelisChlorisBerry.jpg/800px-CarduelisChlorisBerry.jpg
Gene mutation Asia: http://www.biomedcentral.com/1471-2148/10/15
Mortality in 187 countries, 1970 – 2010: http://www.sciencedirect.com/science/article/pii/S014067361261719X
European Commission Workshop Luxembourg: http://ec.europa.eu/health/alcohol/events/ev_20050120_en.htm
Quellen:
Dead birds were intoxicated: http://www.bbc.co.uk/nature/20180091
The alcoholics of the animal world: http://blogs.smithsonianmag.com/science/2011/09/the-alcoholics-of-the-animal-world/
Bats can drink you under the table : http://arstechnica.com/science/2010/02/not-getting-drunk-has-some-advantages-who-knew/