
E Mann ka jo bal onendlech vill Sperma produzéieren. Dobäi brauchs de jo just eng Eezell an eng Spermazell fir e Puppelchen ze man!?
Jo, e Mann ka bis zu 1 500 Spermie pro Sekonn produzéieren! An enger Ejakulatioun sinn normalerweis em déi 180 Millioune Spermien! Op d’ganzt Liewe gerechent, produzéiert e Mann am Duerchschnëtt 500 Milliarde Spermien!
Mee wisou dann esou vill?
Dat ass wéinst der Competitoun tëscht de Spermien. An der Déierewelt ass et gängeg, e ganze Koup Sexualpartner banne kierzester Zäit ze hunn. All Männche probéiert jo awer eegenen Nowuess ze kréien. Dofir huet deen, dee bei der Ejakulatioun am meeschte Spermie fräisetzt, méi Chancë fir d’Eezell ze befruuchten!
Mee beim Mënsch ass dat jo awer net esou gängeg...
Jo, mir hun méi eng streng sozial Struktur, wou mer a Koppelen zesumme liewen. Mee d’Monogamie läit awer net onbedéngt an eiser Natur, a sozial Studie weisen däitlech dass op mannst eis Virfahre regelméisseg friemgaang sinn.
Dat heescht Männer hätten den Drang, esou vill wéi méiglech Nowuess ze man. An d’Fraen?
D’Fraen hunn den Drang, hire Kanner gudd Gene wëlle weider ze ginn. Dofir sinn se zëmools während dem Eesprong vu staarken, selbstbewosste Männer ugezunn. Mee si wielen déi awer selten als Liewenspartner. An der Roll vum Papp hunn se léiwer sensibel, verantwortungsvoll Männer, an déi kréien dann eben a verschiddene Fäll e Kuckucksee ënnergejubelt! Dofir hunn d’Spermien hire Competitiounssënn bäibehal!
Ma gudd dass och net jidderee vun deene 500 Milliarden Spermien et fäerdeg bréngt, eng Eezell ze befruuchten. Soss kéint een eenzelne Mann d’Welt jo iwwer 70 mol bevëlkeren!
Zousätzlech Informatiounen:
Entwéckelung vun der Spermienzuel
Bei enger Ejakulatioun ginn am Duerchschnëtt 3 ml Sperma fräigesat, mat 180 Millioune Spermien, also em déi 60 Millioune Spermie pro ml. Obwuel ee just eng Spermazell brauch fir e Puppelchen ze man, gëtt e Mann, dee manner wéi 20 Millioune Spermie pro ml produzéiert, vun der Medezin als onfruchtbar ugesinn. D’Wahrscheinlechkeet, dass ee Spermie de richtege Wee fënnt a bannen 2 Deeg d’Eezell befruucht, ass einfach ze kleng. Fir sech dat besser kenne virzestellen, huet en amerikanesche Fuerscher, de Charles Lindemann, d’Rees vu Spermien als Marathon duerch e Labyrinth a mat engem Hindernissparcours beschriwwen!
Viru 60 Joer huet e Mann nach 3 mol méi Spermien pro Ejakulatioun fräigesat (120 Millioune pro ml) an huet och 3,5 ml Sperma fräigesat. An deene leschten 30 Joer ass och d’Zuel vun Hodekriibs drastesch an d’Luucht gang. D’Ursaach fir dës Entwéckelung ass nach onbekannt, mee et handelt sech anscheinend em e globale Problem an huet och net direkt eppes mat lokaler Naturverschmotzung ze dinn.
Fuerschung zu Lëtzebuerg:
Onfruchtbarkeet ass och zu Lëtzebuerg e grousst Thema! Eng vu 6 Koppelen ëmfroe sech bei engem Spezialist, well d’Pläng mam Nowuess net direkt klappen. De „Laboratoire de Spermiologie“ vun der Clinique Bohler schafft dofir enk mam „Laboratoire National de Procréation Médicalement Assistée“ vum Centre Hospitalier zesummen, fir en Diagnostic vun der Onfruchtbarkeet ze man an den zukënftegen Elteren eng Léisung ze sichen. D’Clinique Bohler huet och en „Centre FIV“ (Fécondation in vitro) wou Dokteren a Fuerscher aus verschiddene Beräicher zesumme schaffe fir den Elteren hire Kannerwonsch ze erfëllen.
Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:
An deene leschte Joren hu Studien eng Rei nei Problemer ervirgehuewen, déi zukënfteg Elteren hautesdaags betrëffen. Sou huet zum Beispill een Zéngtel vun de Fraen eng Endométriose ( eng schmäerzhaft chronesch Krankheet, wou Gebärmutterschleimhaut ausserhalb vun der Gebärmutter ass), déi a verschiddene Fäll mat Onfruchtbarkeet verbonnen ass. An och d’Männer bleiwen net verschount: Hodekriibs ass an der Tëschenzäit déi heefegst Kriibsform bei Jonken, an Iwwergewiicht beaflosst d’Produktioun vun Testosteron, an doduerch och d’Produktioun vu Spermien.
Während eng ganz Rei Laboe probéieren d’Ursaach vun dëse Problemer rauszefannen, konzentréiert den „MRC Centre for Reproductive Health“ vun der Uni vun Edinburgh sech drop, fir rauszefannen, wat genee bei dëse Krankheete schiifleeft. Verschidde Fuerschungsequipen huelen dofir allméiglech Aspekter ënnert d’Lupp, wéi zum Beispill d’Produktioun vun Eezellen an Spermien, d’Regeneratioun an d’Heelung vum Gewebe an den Impakt vun hormonellem Ongläichgewiicht op d’Fruchtbarkeet.
Texte & Recherches: Corinne Kroemmer
Linken :
Sperm count crisis: http://www.independent.co.uk/news/science/scientists-warn-of-sperm-count-crisis-8382449.html
Spermfacts: http://www2.oakland.edu/biology/lindemann/spermfacts.htm
Sperm warfare: http://mentalfloss.com/article/25953/sperm-warfare-or-why-it-takes-1-billion-sperm-make-one-zygote
Laboratoire de Spermiologie: http://www.cbk.lu/fr/infertilite/laboratoire-de-spermiologie
Clinique Bohler : http://www.cbk.lu/fr/
Laboratoire National de PMA : http://www.chl.lu/maternite/activites_medicales/centre_de_sterilite_et_de_medecine_de_reproduction/activites
Research Themes University of Edinburgh: http://www.crh.ed.ac.uk/edinburghoandg/
Centre for Reproductive Health: http://www.crh.ed.ac.uk/
Quellen:
Sperm competition in humans: http://www.toddkshackelford.com/downloads/Goetz-et-al-ARSR.pdf
Males have adapted to battle with competing sperm: http://www.sciencedaily.com/releases/2007/02/070210170428.htm
Adaptation to sperm competition in humans: http://evolution.binghamton.edu/evos/wp-content/uploads/2010/01/Shackelford-Goetz-CD-2007.pdf
The merry band of wrigglers: http://www.slate.com/articles/health_and_science/medical_examiner/2008/02/the_merry_band_of_wrigglers.html